D’Populatioun am Iran ass zënter Deeg isoléiert. Déi iranesch Autoritéiten hu wéinst de Masseprotester den Internet gespaart an d’Kommunikatioun an d’Ausland deels onméiglech gemaach.
Fir vill Iraner:innen am Ausland ass et domat schwiereg, Nouvellë vun hire Famillen a Frënn ze kréien.
Nach ni esou vill Gewalt am Spill
Och iranesch Studenten zu Lëtzebuerg verfollegen d’Protester an d’Tensiounen an hirem Heemechtsland mat grousser Suerg. Hir Meenungen zu der politescher Situatioun am Iran ginn awer auserneen.
Mir hu mat dräi jonken Iraner, déi op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwe sinn, sief et als Student oder als Doktorand, geschwat.
Allen dräi si sech eens: Den Iran huet a senger rezenter Geschicht scho vill Protester erlieft. Dat hei wieren awer bei Wäitem déi gréisst. Mee de Regimm wier och nach ni mat esou vill Gewalt géint d’Manifestante virgaangen.
Keng Kommunikatioun méiglech
Alleguer hu si d’Repressioun an hirem Heemechtsland verurteelt. Mat Suerg verfollege si all Dag d’Noriichten a liesen do, datt Mënschen, déi fir eng besser Zukunft demonstréieren, op der Strooss stierwen.
"Ech an all d’Iraner, déi am Ausland liewen, souwéi och déi Iraner, déi nach am Iran sinn, mir si ganz besuergt ëm eis Famillen an ëm d’Situatioun am ganze Land, natierlech."
Vill Detailer hätt een an de leschte sechs Deeg awer net méi héieren. Allen dräi hu si enk Familljememberen am Iran, déi ënner anerem wéinst dem Blockage vum Internet schwiereg oder bal net méi no bausse kommunizéiere kënnen.
De Regimm huet ni op d'Leit gelauschtert
An der Vergaangenheet hätt déi iranesch Regierung ëmmer erëm refuséiert mat der Populatioun ze schwätzen oder op si ze lauschteren, kritiséiert een iranesche Student op der Uni.lu, deen net mam Numm wëllt genannt ginn.
“Ech mengen, wa mir iwwerhaapt iergendee wëlle beschëllegen, dann ass et déi ganz Regierung an déi ganz Islamesch Republik, déi responsabel si fir dat, wat haut geschitt. Firwat? Well op d’mannst an de leschten 30 Joer, oder souguer schonn zënter der Revolutioun, Leit ëmmer nees probéiert hunn, mam Staat ze schwätzen. Et goufe schonn esou oft Protester.“
Déi souwisou scho komplizéiert Situatioun wier op Distanz schwéier anzeschätzen. A scho guer net kéint ee soen, wéi et virugeet.
Vill Leit wëllen de Retour vun der Monarchie
Zu der Fro, wéi den Iran eraus aus der Diktatur kënnt, ginn et ënnerschiddlech Perspektiven. Dem aktuelle Leader Ali Khamenei wier déi iranesch Populatioun komplett egal, a vill Iraner:inne géife sech de Retour vun der Monarchie wënschen, an zwar ënner dem Reza Pahlavi, esou d’Impressioun vun engem iraneschen Doktorand op der Uni.lu.
"Hien ass eng säkular-demokratesch Persoun, an hie kennt den Iran, seng Geschicht a seng Kultur ganz gutt - am Géigesaz zur aktueller Regierung, fir déi eis Kultur an eis Wäerter friem sinn. An ech mengen, de Reza Pahlavi wëllt keng Diktatur. Hie kämpft schonn zënter bal 50 Joer fir d’Rechter vun den Iraner."
Fils vum fréiere Kinnek als Symbol?
Laangfristeg bräicht den Iran eng reell Demokratie. Wann dem Reza Pahlavi hei den Iwwergang géif geléngen, da wier dat okay fir si, esou nach eng aner iranesch Studentin op der Uni.lu. Si gesäit et awer éischter kritesch, hien als ee Symbol zur Fräiheet duerzestellen.
"Déi meescht Leit gesinn de Leader, de Jong vum fréiere Kinnek, de Prënz, haaptsächlech als e Symbol, fir den Iran zesummenzehalen, well den Iran vill verschidden Ethnien huet a si eng Zort nationaalt Symbol brauchen. Ech perséinlech mengen net, datt mir dëst Symbol brauchen. Mir hunn dëst Symbol schonn: mir sinn all Iraner. Mir hunn eist Land, an dat eleng ass genuch, fir vereenegt ze sinn."
Esou oder esou wënsche sech eis dräi Interviewpartner fir hiert Land Fräiheet, finanziell Stabilitéit a Mënscherechter. Mee dofir wiere massiv Ännerungen néideg, mat virop engem Regimmwiessel, esou nach déi dräi jonk Iraner:innen.