Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Wéi eng Zukunft fir de BEKI?

Réiden

Wéi eng Zukunft fir de BEKI?

Déi regional Wärung aus dem Réidener Kanton huet et schwéier, gëtt awer net op. De Coordinateur Max Hilbert hofft elo op en neien Elan a frësche Schwong. Wat hien esou optimistesch stëmmt, verréit hien am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

11 min

play_arrow

De Beki ass eng regional Wärung, mat där ee just am Réidener Kanton bezuele kann an och nëmme bei Entreprisen, déi de Beki akzeptéieren.

Opginn oder weidermaachen?

Et kann ee seng Suen a Beki wiesselen an domadder akafe goen. De Prinzip ass dann deen, datt d'Betriber de Beki och kënnen zeréck wiesselen an Euro. Awer wann si dat maachen, da loossen si dee Moment 5  Prozent leien.

D'Zil ass nämlech dofir ze suergen, datt d'Geld an der Regioun bléift. Sou siche Betriber lokal Fournisseure, wou si déi Sue weider kënnen zirkuléiere loossen, fir de Verloscht ze evitéieren.

Fureai Kippu

D’lescht Joer war de Beki awer relativ no um Enn. Do hätt ee missen eng Entscheedung treffe seet de Max Hilbert: Entweeder ophalen oder probéieren e Wee ze fanne fir weiderzemaachen. A bei de Leit a bei de Betriber hätt et de klore Konsens gi fir weider ze maachen.

Also gouf en neie Projet an d’Liewe geruff. De Projet mam Aarbechtstitel “Zeitpolster” baséiert op dem japanesche Konzept “Fureai Kippu”.

Fureai Kippu ass eng sectoral Wärung, déi 1995 erschaaft gouf. De Prinzip funktionéiert esou: Et kann ee “Credits” verdéngen an deem een Zäit mat Senioren an der Communautéit verbréngt an hinnen hëlleft. Déi Stonnen Zäit ginn dann ugesammelt, fir wann een am Alter selwer Fleeg brauch, kann een dës domat “bezuelen” oder u Familljemembere weiderginn.

Esou ee Projet kann nëmme lokal funktionéiere seet de Max Hilbert. Wann een eng Stonn fir seng Aarbecht opgeschriwwe kritt kann een net jeeweils eng Stonn Aller-Retour hunn.

“De Problem ass, wann eng kleng lokal Grupp dat mécht, oft ass et dann esou, den administrativen Opwand ass méi grouss wéi dat, wat een eigentlech wollt maachen. An doduerch scheiteren sou Projeten.”

Dofir bräicht et eng Daachorganisatioun, déi deene klenge Gruppen en Deel Aarbecht géif ofhuelen.

E Projet ouni Erfolleg

Well de Max Hilbert dofir finanziell Ënnerstëtzung gebraucht hätt, war hien un d’Oeuvre Grand Duchesse erugetrueden. Déi konkreet Ëmsetzung war scho wäit, esou guer d’Croix rouge, Help, Cell an aner Organisatiounen hate schonn zougesot. An awer gouf de Projet vun der Oeuvre Grand Duchesse refuséiert.

Aktuell konzentréiert sech de Max Hilbert erëm op de Beki. Well d’Iddi bei den Organisatiounen awer esou gutt ukoum ass, wëll een sech an Zukunft dem Projet erëm widmen.

Am Moment kann een de Beki als Abonnement eemol de Mount bestellen. De Beki huet sech also stabiliséiert an elo kéint ee weider ausbauen, esou de Max Hilbert.

Lauschterenplay_arrow