Radioen

On air

Notturno  |  Fugranic - No Concrete

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi eng Regierung ass a Frankräich méiglech?

Frankräich

Wéi eng Regierung ass a Frankräich méiglech?

A Frankräich regéiert de Moment virun allem d’Ongewëssheet, wéi et elo no de Walen am Land weidergeet. De Walgewënner NFP fuerdert de President Emmanuel Macron dozou op, hinnen direkt d’Regierungsformatioun unzevertrauen. Dee wëllt awer ofwaarden an déi aktuell Regierung interimsméisseg am Amt loossen. An engem oppene Bréif huet de President sech e Mëttwoch fir een Novum an der fënnefter Republik ausgeschwat: eng grouss Koalitioun.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Bigstock / PaulMaguire play_arrow

Et ass immens schwéier virauszesoen, wéi déi nächst franséisch Regierung wäert ausgesinn, oder wéini dës virgestallt gëtt. D’Lénksallianz Nouveau Front Populaire huet d’Wal gewonnen awer keng absolut Majoritéit a schafft un enger Minoritéitsregierung, déi an der Nationalversammlung op aner Stëmmen ugewise wier.

Fir de Politolog Olivier Costa vun der Paräisser Sciences Po géing esou eng Regierung awer riskéiere vun der Oppositioun mëttels enger Motion de Censure zur Demissioun gezwongen ze ginn.

“On peut imaginer qu’on aura une succession de gouvernements - alors peut-être pas qu’il dure trois semaines, mais trois mois, six mois, le temps de faire passer un ou deux projets et que le gouvernement finisse par chuter et qu’on ait une nouvelle coalition"

Grouss Koalitioun méi warscheinlech wéi Minoritéitsregierung

De Christophe Boutin, Politolog op der Uni Caen, gesäit och grouss Konflikter bannen dem Nouveau Front Populaire, déi esou eng Regierung schwéier maachen.

“On sait qu’il y avait des tensions très importantes entre le PS et La France Insoumise lors de la campagne des Européennes que nous venons de vivre et cette réconciliation laisse parfois en peu songeur”

Méi warscheinlech ass fir hien eng grouss Koalitioun, wéi se de President Macron ustrieft, ouni Participatioun vun der Lénkspartei La France Insoumise an dem rietsextreeme Rassemblement National. De President géing mat senger Taktik nach ofzewaarden ee konkret Zil verfollegen, esou de Christoph Boutin.

“Il espère au moins que ça permet de multiplier les tensions au sein du NFP, ça permet peut-être à débaucher certains de ses membres”

Politesche System ass op kloer Majoritéiten ausgeriicht

Eng grouss Koalitioun ass zwar a ville Länner de Standard, a Frankräich awer gesäit den Olivier Costa hei Problemer, well de politesche System op kloer Majoritéiten ausgeriicht ass, déi wéinst der Fragmentéierung vun der Parteielandschaft net méi esou einfach ze erreeche sinn.

“Chacun obtient quelque chose et on se met d’accord sur un programme pour négocier tout cela - ça, on ne sait pas le faire en France (…) et donc on se retrouve avec des institutions qui ne fonctionnent plus, parce qu’on n’arrive plus à faire émerger une majorité”

Grouss Reforme wieren net ze erwaarden

Sollt et zu enger grousser Koalitioun kommen, do si sech déi zwee Politologen eens, dierf een an den nächste Joren net vill grouss Reformen a Frankräich erwaarden.

“Si on a un gouvernement qui réunit tous les partis républicains, ça sera avec un programme minimaliste”

“Quel que soit le futur gouvernement -  que ce gouvernement soit un gouvernement du NFP ou qu’il s’agisse de cette coalition que nous évoquons - dans tous les cas, la marge de manœuvre va être particulièrement réduite - notamment sur le plan budgétaire”

Och eng technokratesch Regierung ass theoreetesch denkbar. Wéini déi nächst Regierung steet, dat wier spekulativ, soe béid Politologen, mee et schéngt ganz warscheinlech, datt déi aktuell Regierung nach d'Olympesch Spiller iwwerbréckt, an den Emmanuel Macron eréischt fir Mëtt-Enn August e Regierungswiessel envisagéiert.

Lauschterenplay_arrow

Max Tholl (Paräis)

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.