Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi eng Prozedure ginn et nom Depot vun der Demande fir e Referendum

Bettenduerf

Wéi eng Prozedure ginn et nom Depot vun der Demande fir e Referendum

Dräi Méint huet d'Gemeng Bettenduerf elo d'Zäit, fir d'Ofstëmmung ze organiséieren. Dat nodeems d‘Biergerinitiativ Pro Referendum Bettenduerf hir Demande fir ee Referendum iwwert d'Fusiounsgespréicher fir d'Nordstad deposéiert huet.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

play_arrow

Am Referendum mussen d'Awunner:inne vu Bettenduerf op follgend Fro mat Jo oder Nee äntweren.

"Wëllt Dir, datt de Gemengerot d'Sondéierungsgespréicher ofschléisst, soudatt d'Bierger vun der Gemeng Bettenduerf sech 2027 an engem Referendum fundéiert iwwert eng eventuell Fusioun mat de Gemengen Dikrech, Ierpeldeng-Sauer, Ettelbréck a Schieren kënnen äusseren?"

Den Inneministère, deen de Gemenge jo virsteet, huet wéineg mat der Organisatioun vum Referendum ze ginn, erkläert de Jurist an éischte Conseiller Laurent Knaff.

Selwecht Reegelen, wéi fir aner Walen

Et gi bei sou engem Referendum eng Rei Reegelen ze respektéieren. Ugefaange mat der Formulatioun vun der Fro. Déi muss verschidde Konditiounen erfëllen: Se soll kloer formuléiert sinn, mat Jo oder Nee kënne beäntwert ginn An se dierf d‘Wieler:innen net beaflossen.

Fir de Referendum gëllen déi selwecht Flichten a Reegele fir d‘Wieler:innen, wéi bei normale Walen. Dat heescht et gëllt och eng Walflicht.

Gutt een Drëttel vun de Walberechtegten haten déi Demande an de leschte Wochen ënnerschriwwen, méi wéi genuch fir den néidege Seuil ze erreechen.

Lauschterenplay_arrow