D’Impfung géint d’Gripp ass dëst Joer eng éischte Kéier fir Kanner vun zwee Joer u recommandéiert. Genee Zuelen doriwwer wéi vill Kanner am Ganze geimpft gi sinn, huet den Dokter Allard net, mee den Impakt wier ze spieren, souwuel am Cabinet wéi awer och am Spidol.
Risiko Longenentzündung bei ongeimpfte Persounen
Et hätt ee vill Patientinnen a Patiente gehat fir sech impfen ze loossen. An et hätt een och Fäll gehat vu Longenentzündunge bei Kanner, déi net geimpft waren.
Geimpft sinn heescht net, datt een net awer ka krank ginn – déi Reegel, déi bei den Erwuessene jo bekannt ass, gëllt och fir d’Kanner – an dat weist sech och an de Consultatioune bei de Kannerdokteren.
Mee och wann d’Grippeimpfung keen honnertprozentege Schutz géint eng Infektioun ass an eben trotzdeem Symptomer kënnen opdauchen, esou hëlleft se awer fir viru Komplikatiounen ze schützen, erkläert de Serge Allard.
“Kloren Impakt bei deene Klengen”
Fir déi nächst Grippe-Saison 2026-2027 soll iwwerdeems eng nei Impfung géint d’Gripp kommen, a Form vun engem Nuesespray, dee wuel net nëmme fir manner Tréinen dierft Suergen, mee deen och nach méi effikass soll sinn, wéi déi klassesch Injektioun, esou den Dokter Allard.
Ganz positiv bewäert hien iwwerdeems d’Wierkung vun der Impfung géint den RS-Virus dee mëttlerweil och schwanger Frae virun der Gebuert scho kréien, fir esou hire Puppelchen iwwer dat éischt méi kritescht halleft Joer ze schützen.
“Duerch d'Impfung gesi mir e ganz kloren Impakt bei deene ganz Klengen. Mir impfe jo bis sechs Méint. An an där Alterskategorie, bei deene ganz Klenge, sinn d'Bronchiolitte vill, vill manner.”
Impfen ass ëmmer nach méiglech
Doduerch wier d’Kannerklinik entlaascht. RSV-Infektioune géif een zwar ëmmer nach bei méi grousse Kanner gesinn, ma do wier d’Infektioun manner schlëmm esou den Dokter Allard.
“Dat limitéiert sech op d'Nues, den Hals, villäicht e klengen Houscht, awer dat gëtt keng Hospitalisatioun, dat gëtt keng Bronchiolitten.”
Den Héichpunkt vun der Grippesaison ass Enn Januar, Ufank Februar an et ass nach ëmmer Zäit sech impfen ze loossen, natierlech och als Erwuessenen, dat huet och d’Santé nach eemol matgedeelt.