arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi déi Jonk EU-Klimadelegéiert d'Kanner an d'Jugend op der COP30 vertrieden

Weltklimakonferenz

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Wéi déi Jonk EU-Klimadelegéiert d'Kanner an d'Jugend op der COP30 vertrieden

No den Theemendeeg fir Kanner a Jugend op der COP zu Belém hunn déi Europäesch Klima-Jugenddelegéiert ënnerstrach, datt et wichteg wier hir Perspektiveze lauschteren. Am Radio 100,7-Interview betount déi Lëtzebuerger Klima-Jugenddelegéiert Lara Bertemes, datt een och elo scho géif Gehéier fannen.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
EU-Klimadelegéiert fir d'Jugend op der COP30 zu Belém | © Lara Bertemes
EU-Klimadelegéiert fir d'Jugend op der COP30 zu Belém (Foto: Lara Bertemes)

Beispillsweis konnten si d'lescht Woch eng Reunioun tëschent den EU-Memberlänner koordinéieren. Déi Reunioune fannen op der Weltklimakonferenz all Moie statt, éier d'EU an d'Negociatioune geet.

"An an engem vun dëse Meetingen hu mir d'Koordinatioun gemaach an eis Punkten do presentéiert. Ech wëll elo net an d'Detailer goen, mee strateegesch gesinn hu mir e puer Punkte gemaach, wéi mir vläicht an den Negociatioune kënne weiderkommen, well mir och d'Perspektiv vum globale Süde  besser verstan hunn oder vun der Jugend héieren hunn. A mir lauschteren och gutt no, wat sou am Gank geschwat gëtt vun anere Länner. Mir probéieren dat dann och eranzebréngen, fir ze weisen, datt eis Perspektiv eng Valeur huet." 

Wat genau an deene Reunioune beschwat gëtt, ass confidentiel, ënnersträicht d'Lara Bertemes. Si begréisst iwwerdeems, datt iwwerhaapt mëttlerweil Delegatioune vu Jugendlechen op d'Weltklimakonferenze ginn, an hir Fuerderunge representéiere kënnen. D'Lara Bertemes mécht awer dorop opmierksam, datt een als Jonken aus der EU, den Ament nach, méi Gehéier fannt, wéi déi aus anere Länner. 

play_arrow Lauschteren