arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leschten Dag a Brand op der COP30

Weltklimakonferenz

|
headphones

1 min

Leschten Dag a Brand op der COP30

Haut um Freideg ass de leschten Dag vun der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien. Bei de leschte Klimakonferenze gouf et ëmmer eng Verlängerung - dat schéngt och bei dëser méi wéi warscheinlech.

headphones

1 min

Leit waarde baussen nom Brand op der COP30 | © picture alliance/dpa | Larissa Schwedes
Leit waarde baussen nom Brand op der COP30 (Foto: picture alliance/dpa | Larissa Schwedes)

En Accord tëschent den 200 Länner, déi derbäi sinn, ass aktuell net a Siicht. Virun allem wat den Austrëtt aus Ueleg, Gas a Kuel ugeet, gëtt ee sech net eens.

Um Dësch leien donieft Fuerderunge vun den Entwécklungslänner un d‘Industriestaaten, fir méi Suen ze kréie fir d‘Upassung un d‘Konsequenze vun der Äerderwäermung. D'Konsequenzen doraus äussere sech ëmmer méi dacks duerch staark Stierm, extreem Dréchent, grouss Bëschbränn a grouss Iwwerschwemmungen. 

Brand um Donneschdegowend

Um Site vun der Konferenz huet et um Donneschdegowend gebrannt. D‘Feier hat op engem Stand ugefaangen an huet direkt fir eng staark Dampentwécklung gesuergt. Dat huet liicht Panik bei de Visiteuren ausgeléist. Déi 10.000 Leit, déi bei der Klimakonferenz derbäi sinn, hu missen evakuéiert ginn, och déi Lëtzebuerger Delegatioun war betraff. Beim Feier ass awer keen zu Schued komm.