Zwou Haaptaktioune gouf et tëschent Februar a Juli. Engersäits gouf et 100 Iwwerweisungen a reegelméissegen Ofstänn an d‘Ausland. Dat ëmmer an Héicht vun e puer 100.000 Euro. Dat huet ronn d'Hallschent vun den 61 Milliounen Euro ausgemaach, déi geklaut goufen.
Déi zweet Hallschent ass am Juni fortgaangen, wéi de Generaldirekter Marc Crochet an der Vakanz war. Do goufe Kreditlinne gezunn, déi dann och an d‘Ausland iwwerwise goufen.
D‘Fro vun der Responsabilitéit wäert sech bei der Caritas selwer an och bei de Banke stellen. Zwou Lëtzebuerger Banke sinn am Coup, krute mir vu Sourcen no um Dossier confirméiert. Et ass awer wichteg ofzewaarden, bis genau gewosst ass wat geschitt ass a wie wat op wéi eng Manéier gemaach huet, éier een d'Fro vun der Responsabilitéit kläre kann.
Kee klassesche Fall vu Persoun, déi sech duerch d‘Bascht mécht
De radio 100,7 huet keng Source déi confirméiert, datt déi Persoun déi sech gestallt huet och déi Mataarbechterin ass, géint déi d‘Plainte leeft. Och wann et gutt Grënn gëtt dat unzehuelen.
Well: Sourcen déi no um Dossier sinn hunn eis scho puer mol confirméiert, datt déi Mataarbechterin net fortgelaf ass. Si war zwar am Ausland mee och do ze erreechen. Och de Generaldirekter Marc Crochet sot am 100,7-Interview, datt si déi lescht Zäit ëmmer rëm Kontakt mat Leit aus dem Haus hat.
Et ass also kee klassesche Fall vun enger Persoun, déi sech mat geklaute Suen duerch d‘Bascht mécht.
Et ass éischter d‘Verhale vun enger Persoun déi elo d‘Reprochen deelweis kontestéiert. Et kann och sinn, datt si seet, si hätt net eleng gehandelt oder si wier ugestallt ginn, d'Virementen an där Form ze maachen.
Arnaque au président eng Méiglechkeet vu villen
Eis Sourcë soen eis, et wier méiglech, datt et ee Fall vu Social Engineering ass. Op franséisch gëtt dat nach arnaque au président genannt. Dat ass eng Bedruchsmasch an där Externer sech Zougang zu enger Firma verschafen an Insiderwësse sammelen. Déi Intrusioun an d‘Systemer ka schonn ee Joer virdru geschitt sinn. Mat deem Insiderwësse ginn déi Externer sech als Conseil oder Direkter aus a ginn dann Uerdere weider u Mataarbechter:innen. Wéi zum Beispill den Uerder Virementen ze maachen.
Datt sou ee Fall och hei virläit ass net auszeschléissen. Eng presuméiert Täterin kann also nach een Affer ginn – oder eng Komplizin. Et kann awer och sinn, datt d‘Täterin sech als Affer duerstellt. Et gi vill Méiglechkeeten an dofir ass et ëmsou méi wichteg, ze waarde bis weider Informatioune virleien, éier ee sech eng Meenung bilt oder jugéiert.
Am Fall vun enger arnaque au président muss natierlech och enquêtéiert ginn, ob d‘Direktioun oder de Conseil net wierklech en Uerder fir déi Iwwerweisunge ginn hunn. Oder, ob ebe villäicht Krimineller sech als Direktioun oder Conseil ausginn hunn.
Gëtt et e Rettungsplang?
D‘Caritas als Organisatioun, déi sou vill Sue verluer huet, muss jiddefalls gestäipt ginn. Ouni Hëllef kéint déi dat net iwwerliewen. Um Mëttwoch ass Regierungsrot an d‘Regierung wäert an d‘Chamber goen. Den Ament gëtt un engem Rettungsplang geschafft.
Och mat de Banke muss geschwat ginn, fir datt d‘Caritas d‘Kreditter net direkt muss rembourséieren.
D‘Regierung huet hirersäits gesot, alles drun ze ginn, datt d‘Aktivitéite vun der Caritas kënne weidergefouert ginn.