D'Parteikolleegin vum Premier, d'Martine Hansen, soll näischt dovu gewosst hunn. Dat huet d'Lëtzebuerger Wort gëschter um Dënschdegowend gemellt. Si selwer ass nämlech net ganz onkritesch vis-à-vis vun deem Ofkommes mat de latäinamerikanesche Staaten Argentinien, Brasilien, Uruguay, Paraguay a Venezuela.
Keng fair Konditiounen
Nach méi Suerge maache sech awer d'Lëtzebuerger Baueren. D'Bauerenallianz, eng vun de Gewerkschaften, huet gëschter och kuerz no der Ried vum Luc Frieden reagéiert an op en Neits gefuerdert, datt dee Mercosur net zu Ongonschte vun de Baueren hei am Land dierft ofgeschloss ginn. Et missten um Enn déi selwecht Standarde fir jidderee gëllen. Dat wier aktuell guer net de Fall, bedauert de President vun där Bauerenallianz, de Marco Koeune.
"D'Produktiounskrittären an deene Länner Paraguay, Argentinien, Brasilien an esou, dat si Krittären aus dem leschte Joerhonnert. Do ass et nach ganz gängeg, datt och Hormonasaz bei der Déierenhaltung, respektiv och den Antibiotikasaz ass do net esou gereegelt, wéi bei eis. An dat sinn dach Krittären, déi awer wichteg sinn, well mer wëlle jo och gesond Liewensmëttel hunn."
Zu Lëtzebuerg an och insgesamt an Europa géingen ëmmer méi Efforte gemaach ginn, fir beispillsweis Qualitéitsprogrammer op d'Been ze stellen. Da misst een am Géigenzuh och erwaarde kënnen, datt déi Produiten, déi an Europa importéiert ginn, déi selwecht Standarde hunn, esou de Marco Koeune, "soss wier dat jo awer net fair".
D'Noutwendegkeet vun der Wirtschaft
D'Bauerenallianz huet grad wéi déi aner Vertrieder vun der Landwirtschaft scho méi wéi eemol kloer gemaach, datt si Bedenken huet, wann et ëm de Mercosur geet. Dat hu si och dem Premier schonn ze bedenke ginn. De Marco Koeune huet dann och den Androck, datt de Luc Frieden dat och verstan huet.
"Mee ech weess natierlech och op d'Noutwendegkeet vun der Wirtschaft, och wann ech dann déi Rapporte liesen, wat Europa och kéint do profitéieren, wann do Techniken an déi Länner kann exportéiert ginn. Dat ass een Handel, wou insgesamt 800 Millioune Leit kënnen da profitéieren, datt dat och wichteg ass. An dat hu mir och beim Debat vun der Lag vun der Natioun och matkritt, wéi wichteg eeben eis Ekonomie ass a wéi sensibel dat ass, datt een och esou Accorden net liichtfänkeg wëll opginn."
D'Kriticken um Mercosur kommen och vu Bauerenassociatiounen aus anere Länner, notamment Frankräich a Polen.
De Konsument als wichtegsten Alliéierten
Och d'Klimamesurë mussen eng Roll spillen, seet de President vun der Bauerenallianz.
"Hei maache mir Efforte fir déi Ammoniakreduzéiungen hinzekréien, an do spillt dat keng Roll. Ech mengen, d'Klima ass eppes, wat deen Theema muss och sinn, fir iwwerhaapt eis Liewensmëttelproduktioun, duerfir wëll ech awer och ernimmen, dat hu mir och eraushéieren aus der Ried vum Här Frieden, datt eeben och et fir eis als Lëtzebuerg et essenziell ass, fir eng eegestänneg Liewensmëttelproduktioun ze behalen, an déi behale mir nëmmen, wa mir op Qualitéitskrittäre pochen."
De Marco Koeune ass der Meenung, datt d'Landwirtschaft an deem Sënn vill Alliéierter wäert hunn, déi de Secteur ënnerstëtze wäerten, notamment de Konsument: "Dat ass eisen éischten Alliéierten".