Radioen

On air

Notturno  |  Tomu DJ - Bedroom DJ Feat. Petty Getty

play_arrow Live
search

/ Wat geschitt mat de konfiszéierte Wäertgéigestänn a Geldzommen?

Bureau de gestion des avoirs

Wat geschitt mat de konfiszéierte Wäertgéigestänn a Geldzommen?

De Bureau de gestion des avoirs, dat ass e relativ neie staatleche Service, deem säin Alter awer näischt iwwert d'Zommen ausseet, déi e verwalt. Verméigen a Gidder fir iwwer eng Milliard Euro waren dat a sengem éischte Joer. Dat goung rezent aus dem éischten Aktivitéitsrapport vum BGA ervir.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

Michel Turk | © Chris Zeien play_arrow
De Michel Turc ass Direkter vum BGA. (Foto: Chris Zeien)

D'Recettë vum Bureau de gestion des avoirs fléissen an ee Fong fir d'Lutte géint verschidde Forme vu Kriminalitéit an an de Staatsbudget eran. Am Total waren dat d'lescht Joer iwwer 330.000 Euro. Dësen neie Büro ass zoustänneg fir ënner anerem d'Gestioun vu Verméigen a Gidder, déi bei penale Prozedure beschlagnaamt ginn.

Nieft Verméigenswäerter hat de BGA och 99 Immobilien a senger Gestioun, 22 Gefierer an ënner anerem iwwer 1.800 aner Bienen, dorënner Drogen, Waffen, an iwwer 800 Bijouen oder 50 Konschtwierker, esou weider Zuelen aus dem Aktivitéitsrapport 2022/23. De Bureau de gestion des avoirs huet am Optrag vun de Justizautoritéiten och 42 Tonne Gidder zerstéiere gelooss.

Geschafe gouf dëse staatleche Service duerch ee Gesetz aus dem Juni 2022, gebonnen un een Text fir de Kampf géint d'Wirtschaftskriminalitéit, deen eng europäesch Direktiv aus dem Joer 2014 ëmgesat hat.

D'lescht Joer ass de BGA du bësse méi bekannt ginn, op alle Fall dem grousse Public, wéi d'Auere vum Flavio Becca versteet gi sinn.

Steeë fir ee "ganz spezielle Public"

De Michel Turc ass Direkter vum BGA. Hien huet am 100,7-Interview erkläert, datt déi héich Zommen net direkt an déi ëffentlech Hand eriwwer ginn.

"Soulaang eppes saiséiert ass, gehéiert et ëmmer nach där Persoun, déi Proprietär oder Detenteur war. An et ass eréischt, wann een definitiivt Urteel kënnt, wou dann decidéiert gëtt, ob déi Suen entweeder an d'ëffentlech Hand eriwwer ginn - am Fall vun enger Confiscatioun - oder ob déi Suen zum Beispill restituéiert ginn."

Vill Wäertgéigestänn ginn nom Urteel och Deel vun enger Stee, déi vun engem Dierwiechter, engem Notär oder dem Enregistrement organiséiert gëtt. Jee nodeem wéi ee Bien versteet gëtt, fënnt sech och ee ganz spezielle Public zesummen. De Michel Turc erkläert, datt bei Autossteeën zum Beispill reegelméisseg déi selwecht Leit kommen. Dat sinn deelweis Professioneller, deelweis Privatleit, déi reegelméisseg Autoe kafen a warscheinlech och verkafen.

Anescht ass et bei ganz deieren Objete wéi zum Beispill den Aueren. Déi géifen dem Michel Turc no een "ganz spezielle Public" unzéien.

"Fir eeben un dee Public erunzekommen, dofir hu mir extra een Dierwiechter ausgesicht, dee mat enger Maison de vente zesummeschafft. A Frankräich nennt sech dat e Commissaire priseur. Dat ass e Beruff, dee gëtt et hei zu Lëtzebuerg net."

Déi Objeten, déi versteet ginn, mussen och evaluéiert ginn. Do gëtt an der Reegel ëmmer ee Spezialist vum Metier gefrot, sou nach den Direkter vum BGA.

Eng kompetent Ekipp ass néideg

Reegelméisseg ginn och tonneweis Gidder zerstéiert. Dat ka virkommen, well zum Beispill den Auto, dee saiséiert gouf, praktesch keng Valeur méi huet. Ausserdeem musse Produiten, déi illegal sinn, zerstéiert ginn. Dozou zielen och Drogen a syntheetesch Drogen.

"Déi hu misse speziell an d'Ausland gefouert ginn, wou se an engem Uewen op ganz héijen Temperature verbrannt gi sinn."

Bannent engem Joer ass de BGA séier gewuess, vun 9 op elo 14 Mataarbechter:innen. De Michel Turc zitt de Vergläich mat enger klenger Privatbank, wat d’Zommen an d’Bienen ugeet, déi geréiert ginn. Vun dohier wier et néideg, vill an och erfuerent Personal ze hunn. 

"Zum Beispill fir d'Portefeuillen ze geréieren. Et ass ëmmerhin eng hallef Milliard. Do hu mir zwee Gestionnairë mat enger laanger Experienz am Finanzsecteur."

Fir de Moment wier d’Ekipp awer op deem Niveau, op deem e se bréicht, sou den Direkter Michel Turc. 

Lauschterenplay_arrow