Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Stater Geschäftsverband: D'Braderie ass net iwwerlieft

Bilan vun der Stater Braderie

Stater Geschäftsverband: D'Braderie ass net iwwerlieft

D‘Braderie vun e Méindeg war e grousse Succès. Dat betount d‘Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Der Mireille Rahmé-Bley no wieren d’Leit begeeschtert gewiescht vun der Organisatioun. Wat d‘Butteker ugeet, sou huet sech d’Braderie fir Verschiddener méi gelount, fir anerer manner.

auto_stories

1 min

An der Uewerstad wier de Bilan relativ positiv ausgefall sou d‘Mireille Rahmé-Bley. Och wann de Ree mat Momenter d‘Leit verdriwwen hätt, wieren se awer duerno nees zeréckkomm. 

„A wat och ganz nei war dëst Joer: Et sinn och ganz vill Leit, déi geschafft hunn an déi nom Feierowend nach an d’Stad komm sinn an déi wierklech profitéiert hunn, bis 7 Auer owes, fir nach eng gutt Affär ze maachen.”

Och op der Gare wier d‘Braderie gutt gelaf. Do wieren awer nom Reen d‘Leit net méi wierklech zeréck komm.

D‘Presidentin vum Stater Geschäftsverband mengt och net, datt d‘Konzept vun der Braderie iwwerholl wier. Dëst Joer hätten zum Beispill méi Geschäftsleit matgemaach wéi zejoert. Fir d‘nächst Joer géif ee sech hoffen, datt der nach eng Kéier méi bäikommen.