De Prinzip vun der Tournée steet u sech schonn am Numm. Et ass eng Tournée iwwer véier Schanzen am Schispraangen an dat ëmmer op de selwechte Schanzen an zënter laange Joren an der selwechter Reiefolleg.
Ugefaange gëtt zu Oberstdorf an Däitschland. Dono kënnt dat traditionellt Neijoerschsprangen zu Garmisch Patenkirchen éier et fir d’Schisprénger:innen an Éisträich zu Innsbruck weidergeet. De Schluss vun der Véierschanzentournée ass dann de 6. Januar, op Dräikinniksdag, zu Bischofshofen.
Wat mécht déi Véierschanzentournée da sou besonnesch?
Zum engen ass d’Vierschanzentournée u sech en Tournoi am Tournoi. Wat heescht dat? Ma déi véier Sprangen vun der Véierschanzentournée sinn Deel vum Skisprang Welt Cup, also der Champions League vum Schisprangen.
Dat sinn dëst Saison 30 Sprangen. Mee wat d’Véierschanzentournée ënnerscheet ass, datt si och en eegent Klassement huet. De Gewënner iwwert déi véier Sprangen ëm de Joreswiessel kritt also och eng eege Coupe – an déi ass mat vill Prestige verbonnen.
Dat läit un der laanger Traditioun vun der Véierschanzentournée. Et gëtt se nämlech zënter 1953. Dann ass d’Véierschanzentournée déi Schisprang Competitioun déi niewent den Olympesche Wanterspiller déi meescht Zuschauer:innen bei d’Schanzen a virun d’Televisioun zitt. An da sprangen d’Schisprénger op der Véierschanzentournee an engem spezielle K.O. Modus.
Wat ass dee K.O. Modus?
En normale Schisprang Weekend leeft esou oof: Et gëtt eng Qualifikatioun, wou déi bescht 50 Sprénger an den 1. Tour kommen. Déi 30 Sprénger mat de meeschte Punkte kommen dann an den zweeten Tour.
Um Enn gëtt et e Klassement wou d’Punkten aus deenen zwee Tier zesummegerechent ginn. Vum Grondprinzip hier ass dat och bei der Véierschanzentournée de Fall. De groussen Ënnerscheed läit am éischten Tour.
Hei sprangen d’Schisprénger am direkten Duell géinteneen – den éischten aus der Qualifikatioun géint de leschten, den zweete géint den zweetleschten an esou weider.
Dat ass besonnesch interessant, well een och mat engem gudde Sprong ka rausfléien, nëmme well den direkte Géigner nach e Stéck besser war. Um Enn kommen dann déi 25 Duellgewënner an déi 5 Verléierer mat de meeschte Punkte weider an den zweeten Tour.
Wien sinn da lo d’Favoritte fir d’Véierschanzentournée ze gewannen?
Als grousse Favorit gëllt den Domen Prevc aus Slowenien. Hien ass den Ament éischten am Schisprong Weltcup an an enger Top-Form. Net ze ënnerschätzen dierft och den Ryoyu Kobayashi sinn, den e Spezialist vun der Véierschanzentournée ass. Hie konnt sech de gëllenen Adler, also d’Coupe vum Gewënner schonn dräi mol sécheren.
De Gewënner vum leschte Joer, den Daniel Tschofening aus Éisträich ass iwwerdeems net esou gutt a Form, ma wee weess, villäicht huet och hien nach e Wiertche mat ze schwätzen.