Dobäi kéim, datt d'Gwyneth ten Raa eréischt 20 Joer al ass. Do wier nach ganz vill Potenzial, esou de Michel Knepper. Och wann ee vu vir eran net esou vill Chancë gehat hätt, fir eng Medail mat heem ze huelen, géif et den Athleeten an Athletinne vill bréngen, un den Olympesche Wanterspiller deelzehuelen.
"Sport op deem doten Niveau ass eng Schoul fir d'Liewen. Si léieren iwwer déi Zäit eng immens Disziplin, vun där se och an hirem Liewe profitéieren."
Medaile fir Lëtzebuerg wiere méiglech
De Michel Knepper weist sech iwwerdeems ganz optimistesch, datt Lëtzebuerg och op de Wanterspiller kéint an Zukunft Medaile gewannen. Näischt wier onméiglech.
"Vläicht si mi eng Kéier an der Zäit, datt ee jonken Athleet d'Chance huet, an de Bierger opzewuessen a wierklech vu Klengem un do op de Schi steet. An da kënne mir virbäi sinn."
Et wier awer och méiglech, vu Lëtzebuerg aus, Athleeten an Athleetinnen drop virzebereeden. Beispillsweis kéinten d'Athleeten, virun allem no Verletzungen, op d'Servicer vum LIHPS (Luxembourg Institut for High Performance in Sports) profitéieren, esou de Michel Knepper.
"Si kënnen awer och déi ganz Saison iwwer op déi Servicer zeréckgräifen. Sief dat mentalen Training, oder Nutritionisten."
Poleemik ronderëm een Helm
Zur Poleemik ronderëm d'Suspendéierung vun engem ukrainesche Skeleton-Fuerer, op deem sengem Helm Portraite ware vun ukrainesche Sportler, déi am Krich gestuerwe sinn, seet de Michel Knepper:
"Et si Reglementer do. Hien hat och offréiert kritt, datt e mam schwaarzen Trauerflor kéint fueren, wat hien dunn awer refuséiert huet."
Wann ee sech déi Reglementer géif ginn, da misst ee sech drun halen, och wann et schwéier fält, esou de Michel Knepper.