arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wandpark Nordenergie": Ierpeldenger Bierger verléieren an éischter Instanz

Verwaltungsgeriicht

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

"Wandpark Nordenergie": Ierpeldenger Bierger verléieren an éischter Instanz

Am Sträit ëm de Bau vun enger Wandmillen zu Bierden gouf et um Verwaltungsgeriicht an éischter Instanz eng juristesch Néierlag fir d’Leit, déi dogéint geklot haten.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Drew Hays / Unsplash
(Foto: Drew Hays / Unsplash)

Eng zeng Awunner aus där Uertschaft an der Gemeng Ierpeldéng un der Sauer ware géint d’Autorisatioun vum Ëmweltministère fir de Projet vun der Sociétéit “Wandpark Nordenergie”.

Kee Beweis fir eng Verschlëmmerung 

Den Tribunal administratif huet de Leit awer elo Onrecht ginn, well si keen “intérêt à agir” hätten. An hirem Urteel vu 65 Säiten halen d’Riichtere fest, d’Bierdener Leit hätten net beweise kënnen, datt hir Situatioun méi schlëmm géif ginn, sollt de Projet Realitéit ginn.

Eng Verwaltungsdecisioun misst awer grad d’Lag vun deem, dee klot, negativ affektéieren. Donieft misst d’Reformatioun oder Annulatioun vun enger Verwaltungsdecisioun de Konsequenzen dovun en Enn setzen.

Vue a Sonnenastralung: Keen "droits acquis"

D’Proximitéit vun engem Bau géif wuel zum Etabléiere vun engem Intressi fir ze handele bäidroen, awer net eleng. Donieft misst et eben och zu enger konkreter Verschlëmmerung vun der Situatioun kommen.

D’Awunner geséichen hiren “intérêt à agir” justifizéiert duerch eng Rëtsch vun Nuisancen, ënner anerem visueller an akustescher Natur. An deem Kontext hätte si awer keng Verschlëmmerung vun hirer Situatioun beleeë kënnen.

D’Wandrad ze gesi géif net duergoe fir en Intressi fir ze handelen, an d’Vue an d’Sonnenastralung wäre keng “droits acquis”.

Awunner fäerte gesondheetsschiedlech Konsequenzen

Dowéinst wär den Awunner hire Recours géint den entspriechenden Arrêté vun der deemoleger grénger Ëmweltministesch Joëlle Welfring vun Dezember 2022 irrecevabel ze erklären.

D’Awunner fäerten duerch d’geplangte Wandrad vun 230 Meter Héicht Auswierkungen op hir Gesondheet an hir Liewensqualitéit. Dat soll 750 Meter vun den éischten Haiser ewech stoe kommen. Dogéint hat d’Firma argumentéiert, et géif sech un d’Norme gehale ginn.

play_arrow Lauschteren