arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wallokaler hunn hir Dieren opgemaach, 11 Millioune Portugise sinn opgeruff ze wielen

Portugal

|
headphones

1 min

Wallokaler hunn hir Dieren opgemaach, 11 Millioune Portugise sinn opgeruff ze wielen

Um 9 Auer eiser Zäit hunn a Portugal d’Wallokaler opgemaach fir den éischten Tour vun de Presidentschaftswalen. 11 Millioune Portugise sinn an hirer Heemecht an am Ausland zu der Wal opgeruff. Eischt Resultater gi sech um Sonndeg den Owend géint 21 Auer erwaart.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nuno Cruz)

Dann ass ënner anerem ze kucken, ob den André Ventura, Chef vun der rietsextreemer Chega-Partei an e méiglechen zweeten Tour kënnt.

Hie kéint haut esouguer Éischte ginn, mee hie soll, Sondagen no, an engem Ballottage, an dräi Wochen, awer keng Chance hu fir sech als President duerchzesetzen. 

Ënner de Portugisen, déi zu Lëtzebuerg liewen, huet de Ventura grousse Succes. Bei de leschte Walen war seng Chega-Partei déi meescht Gewielten zu Lëtzebuerg.