Radioen

On air

Notturno  |  Jamie xx feat. Romy - Loud Places

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wäisst Haus limitéiert den Zougang fir d’Press

Pressefräiheet

Wäisst Haus limitéiert den Zougang fir d’Press

Zu Washington ginn et nei Tensiounen tëschent der Press andem Wäissen Haus: US-Medien no huet d’Regierung vum President Donald Trump elo decidéiert, den Zougang vu bestëmmte Presseagencen zu offiziellen Eventer am Wäissen Haus an am Oval Office weider ze limitéieren.

auto_stories

1 min

D‘Noriichtenagence Associated Press (AP) gouf scho vu verschiddene Reuniounen ausgeschloss. 

Dat lescht Wuert huet d’Karoline Leavitt

D‘Porte Parole vum Wäissen Haus Karoline Leavitt huet elo matgedeelt, datt d’Zesummesetzung vum sougenannte Korrespondente-Pool – also der Grupp vu Journalistinnen a Journalisten, déi den US-President op offizielle Rendez-vousen begleeden – nei gereegelt gëtt. 

Amplaz datt Agencë wéi AP, Reuters oder Bloomberg automatesch dobäi sinn, sollen d’Plazen no enger Rotatioun verdeelt ginn. D‘Pressespriecherin Karoline Leavitt hätt dobäi dat lescht Wuert.