An den USA gëtt et de Moment Spannungen tëschent de grousse Medien an der Regierung vum President Donald Trump. Eng Rei Journalistinnen a Journalisten, déi fir d’Wäisst Haus akkreditéiert sinn, hunn am Gebai ee Büro, vun do aus konnte si an zwee Raim goen, an deenen de Presseservice vum Wäissen Haus sëtzt, fir z.B. Informatiounen oder Reaktiounen ze kréien. Dat geet elo nach just op Rendez-vous.
arrow_back_ios
Noriichten
USA
|Wäisst Haus limitéiert Zougank fir Journalist:innen
D’Wäisst Haus huet ugekënnegt, datt et den Zougank vu Journalistinnen a Journalisten zu engem Deel vum Pressebüro limitéiere géif. Dat fir “sensibel Informatioune besser ze schützen”, esou hat et vum Wäissen Haus geheescht.
D'Pressespriecherin vum Wäissen Haus, d'Karoline Leavitt (Foto: EPA/WILL OLIVER)