arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wäinsecteur soll gerett ginn andeems et manner Wéngerte ginn

Frankräich

|
headphones

1 min

Wäinsecteur soll gerett ginn andeems et manner Wéngerte ginn

De Wäinsecteur a Frankräich an aneren europäesche Länner Europa ass scho méi laang an der Kris. D‘Grënn sinn de Klimawandel, eng manner héich Demande fir Wäin, a Konkurrenz aus Länner wéi den USA a China.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Fir dem Wäinsecteur ze hëllefen aus der Kris ze kommen, huet déi franséisch Landwirtschaftsministerin Annie Genevard e Méindeg e Plang vun 130 Milliounen Euro annoncéiert, fir Dausenden Hektar Wéngerten a Frankräich definitiv ewech ze huelen. Doduerch soll d‘Produktioun vu franséischem Wäin un déi manner héich Demande ugepasst ginn.

Et géif sech dobäi net ëm een Noutfallplang handelen fir e strukturelle Problem kuerzzäiteg opzefänken, esou d'Annie Genevard. Et wier een Invest an d'Zukunft vum Wäinbau a vun der Landiwrtschaft. 

De Plang muss nach vun der EU-Kommissioun gréng Luucht kréien.