Do souzen déi zoustänneg Ministerinnen a Ministerin, Martine Hansen, Martine Deprez a Georgesch Mischo mat Vertrieder aus dem Wäibausecteur zesummen. De Josy Gloden, President vum Fonds viticole, war no der Sëtzung ganz zefridden. Et wier een op all hir Demanden agaangen.
D‘Wënzer:inne kloer scho laang iwwer Schwieregkeeten, nach genuch Leit fir d‘Wäilies ze fannen. D‘Aarbecht an der Lies gëllt den Ament als „poste à haut risque“, an dofir mussen d‘Aarbechter:innen éier si schaffen däerfen, bei en Dokter.
Martine Deprez: Mam Secateur am Wäibierg huet manner Risiko wéi mam Trakter ënnerwee sinn
Déi Lëscht vun Aarbechten „à haut risque“ soll elo ugepasst ginn, esou d‘Gesondheets- a Securité Socials Ministerin Martine Deprez.
"Wann ech mam Secateur am Wäibierg ënnerwee si fir Drauwen ze schneiden, dat ass elo net de Risiko, wéi wann ech mam Trakter ënnerwee sinn, mee dat musse mer zesumme mat den Doktere vun der Médecine du Travail kucken"
Georges Mischo: Sécherheet a sozial Aquise gi respektéiert
D‘Sécherheet an och déi sozial Acquise vun de saisonalen Aarbechtskräfte soll dobäi ëmmer weider respektéiert ginn, esou den Aarbechtsminister Georges Mischo: Salairen a Congéë wieren natierlech garantéiert.
Geplangt ass, een eenheetleche Statut fir saisonal Aarbechter:innen ze schafen, sou d‘Landwirtschaftsministerin Martine Hansen. Als "Salarié occasionel" soll een dann dräi Méint hei schaffe kënnen.
Leit aus Drëttlänner an DPIe musse Konditiounen erfëllen
Eng Fuerderung vun de Wënzer:inne war et, och Aarbechtskräften aus net-EU Länner fir d‘Lies kënnen anzestellen. Den Aarbechtsminister huet preziséiert: d‘Wäilies an aner saisonal Aarbechten am Uebst- a Gaardebau wieren op fir Leit aus Drëtt-Länner a fir DPIen – Demandeurs de Protection Internationale:
"Mee si mussen zwou Konditiounen erfëllen: En Titre de séjour hunn, respektiv eng Autorisation de travail hunn."
Weider huet den Aarbechtsminister annoncéiert, dass d‘Sonndesaarbecht fir de Gaardebau wäert opgemaach ginn. Déi deementspriechend Gesetzesännerunge solle wa méiglech nach dëst Joer gestëmmt ginn, esou de Minister.