Wärend enger kuerzer, mee intensiver Zäit wéi der Drauwelies am Hierscht, wier et schwiereg, a mat de Besoinen och net onbedéngt kompatibel, déi allgemeng Reegele vum Aarbechtsrecht ëmmer à la lettre ze applizéieren, seet de Josy Gloden. Gemengt sinn zum Beispill de Respekt vun der maximaler Wochenaarbechtszäit op 48 Stonnen oder d’Noutwennegkeet, d’”Herrschtleit” bei d'Aarbechtsdokteren ze schécken.
„Mir hu ganz vill Wënzerbetriber op der Lëtzebuerger Musel, dat sinn Ein-Mann-Betriber. Déi brauchen d'Joer iwwer am Fong geholl net vill Aarbechtskräften. Et ass haaptsächlech an der Drauwelies wou natierlech op der ganzer Lëtzebuerger Musel schätzungsweis tëscht 800 an 1.000 zousätzlech Leit schaffen.“
Obligatioune fir bei den Aarbechtsdokter a Limitatioun vu Wochenaarbechtszäit ophiewen
D’Aarbecht wärend der Drauwelies am Hierscht gëtt als “poste à risque” agestuuft. Dofir musse saisonal Aarbechter:inne bei den Aarbechtsdokter, éier si am Wéngert schaffen dierfen. Dat ass eng vun den Obligatiounen, déi de Secteur am léifsten ofgeschaaft kréich.
Grad ewéi d’Limitatioun vun der Wochenaarbechtszäit op 48 Stonne wärend den zwou oder dräi Wochen, déi d’Lies dauert.
Rekrutement baussent EU-Memberlänner erméiglechen
Och a punkto Rekrutement hofft de Josy Gloden op eng Ouverture vun der Regierung. Laut dem Gesetz dierfen nëmme Leit aus EU-Staate geholl gi fir saisonal Aarbecht. De Secteur géif sech wënschen, datt déi Reegel gelabbert gëtt, well et ëmmer méi schwiereg gëtt, Leit fir d‘Lies ze fannen.
„An do besteet eng Opportunitéit, dass nach Leit aus deene Länner (vum Balkan) géifen eropkommen. Déi komme jo natierlech gäre fir ze schaffen a fir och Geld ze verdéngen.“
Den administrativen Opwand wier dofir awer ze héich, bedauert de Josy Gloden.
Zënter 10 Auer de Moie sinn d‘Vertrieder:inne vum Secteur um Wäibaudësch, mat de Ministerinne Martine Hansen (Landwirtschaft) a Martine Deprez (Sécurité sociale) an dem Minister Georges Mischo (Aarbecht) zesummen, fir iwwer méiglech Ausnamereegelungen ze diskutéieren.