Et soll iwwerdeems zu engem nächsten Treffen zu Doha kommen, fir d‘Anhale vum Accord „konsequent ze iwwerwaachen“, heescht et aus dem Katar.
Pakistan fuerdert Virgoe géint Extremisten
Ausléiser vun de Kämpf ware Fuerderunge vun der Regierung zu Islamabad, datt déi afghanesch Taliban-Regierung misst géint Extremiste virgoen. Déi géifen aus Afghanistan hir Ugrëff op Pakistan intensivéieren.
D’Taliban bestreiden, datt si Extremisten ënnert sech hunn a geheien dem pakistanesche Militär d’Verbreedung vu Falschinformatiounen an de Schutz vun IS-Kämpfer vir.