D’alpin Schileefer Gwyneth Ten Raa, Matthieu Osch an Nikolaj Lindfors wieren dem Internationalen Olympesche Comité no berechtegt, fir de Grand-Duché an Italien unzetrieden. Allerdéngs hu bis elo just déi zwee Éischtgenannt d’Krittäre vum nationalen olympesche Comité erfëllt.
Dräi potenziell Olympioniken
Enn Januar wäert de Comité olympique et sportif luxembourgeois seng Selektioun fir d’Wanterspiller bekannt ginn, seet de Raymond Conzemius, techneschen Direkter vum COSL.
Wann een d’Resultater dës Saison vun deenen dräi potenziellen Olympionike kuckt, da stécht do virun allem dat 20 Joer jonkt Gwyneth Ten Raa ervir.
Ënner anerem zwou Victoiren huet d’Riseslalom-Spezialistin bis dato scho feiere kënnen. Den 12. Dezember bei enger FIS-Course zu Davos an der Schwäiz a sechs Deeg drop bei den italieenesche Junior-Meeschterschaften zu Sestrière.
Knéiproblemer kéinten dertëschent kommen
Donieft huet déi bescht Lëtzebuerger Nowuesssportlerin vun 2022 ënner anerem nach mat enger 28. Plaz an enger European Cup-Course, den 2. Dezember, zu Zinal an der Schwäiz dräi Punkten an der Kategorie direkt ënner dem Weltcup gesammelt. Soudatt hirer Selektioun näischt dierft am Wee stoen.
Schwiereg war bis elo d’Saison vum 26 Joer ale Matthieu Osch, dee schonn 2018 zu Pyeongchang a Südkorea an 2022 zu Peking a China, zesumme mam Gwyneth Ten Raa, bei Olympia dobäi war.
Knéiproblemer féiere beim duebelen Olympionik dozou, datt hien elo eréischt richteg urappe kann, esou de Raymond Conzemius.
"Mëtt Januar start hien an d’Saison, an hien ass u sech um gudde Wee!"
Deen 23 Joer alen Nikolaj Lindfors sengersäits huet als bescht Resultat eng 33. Plaz bei enger Descente, den 1. Oktober, zu Corralco am Chile opweises. Dat eleng dierft enk gi fir eng Selektioun. Och wann de Raymond Conzemius widderhëlt:
"Éligibel si si allen 3. De Krittär, deen de COSL elo nach drugehaangen huet, hunn der zwee.”
Soudatt sech d’Fro stellt, ob nieft dem wuel gesate Gwyneth Ten Raa nach een oder zwee weider Sportler bei den Olympesche Wanterspiller 2026 fir Lëtzebuerg un den Depart ginn.