Radioen

On air

9 bis 1  |  Matt Dawson and The Warehouse - Coco & Fahrenheit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WM-Qualifikatioun: Lëtzebuerg trëfft op Däitschland oder Italien

Fussball

WM-Qualifikatioun: Lëtzebuerg trëfft op Däitschland oder Italien

Bei der Auslousung zur Gruppephas vun der Qualifikatioun fir d'Fussballweltmeeschterschaft bei den Hären 2026 ass déi Lëtzebuerger Nationalekipp an de Grupp A geloust ginn. Do treffen déi Rout Léiwen op d'Slowakei, Nordirland, an entweeder Däitschland oder Italien.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Christian Charisius

Den FLF-President Paul Philipp verréit, datt Lëtzebuerg an där Grupp op gewësse Wonschgéigner wäert stoussen, notamment Däitschland oder Italien.

"D'Nordiren si wuel e Krack iwwert eis. D’Slowake géif ech mengen, deemools an der Grupp hu mer heiheem eise beschte Match gemaach. Mir hunn et awer net fäerdeg bruecht se ze schloen. Machbar schonn, awer och doudsécher net einfach."

Iwwerdeems seet de Paul Philipp, datt ee léiwer an eng Grupp mat 5 amplaz 4 Equipe komm wier. Dar och well deen éischte. Dat och well een den éischte Qualifikatiounsmatch elo réischt am September d'nächst Joer spille wäert, a net schonn am Mäerz wéi aner Ekippen.