Radioen

On air

9 bis 1  |  The Staves - I Don't Say It But I Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'UCI wëll de Gebrauch vu Kuelemonoxid verbidden

Sport

D'UCI wëll de Gebrauch vu Kuelemonoxid verbidden

Den internationale Vëlossportverband UCI wëll de Gebrauch vu Kuelemonoxid an Zukunft verbidden. Dat aus gesondheetleche Grënn. Eng Decisioun soll d‘Exekutiv vum Verband Enn Januar huelen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / PRO SHOTS | George Deswijzen
Foto: picture alliance / PRO SHOTS | George Deswijzen

Coureure wéi den Tadej Pogačar an de Jonas Vingegaard hate wärend der leschter Tour de France Kuelemonoxid legal benotzt. De gëftege Gas gëtt dobäi ageotemt fir den Hemoglobingehalt am Blutt ze moossen. Gëtt déi Method reegelméisseg applizéiert, kéint een e kënschtleche Sauerstoffmangel wéi a grousser Héicht simuléieren.