Zum iresche Programm gehéiert ënner anerem een Accord iwwer déi sougenannt Spuer- an Investitiounsunioun ënner den EU-Staaten auszehandelen. An deem Dossier geet et ëm d'Supervisioun vun de Finanzmäert.
Lëtzebuerg stäipt sech bekanntlech dogéint, datt déi europäesch Kontrollagence ESMA, mat Sëtz zu Paräis, méi Pouvoir kritt, esou wéi d'Europäesch Kommissioun proposéiert huet.
Grouss Erausfuerderung fir e klengt Land
Irland huet sech zum Zil gesat d'Verhandlunge bis zum Enn vu senger Presidence am Dezember ofzeschléissen, ouni seng eege Visioun fir eng verstäerkte Supervisioun um europäeschen Niveau ze preziséieren.
Och d'Reform vum Emissiounshandel gëtt vun der irescher Regierung als Prioritéit genannt.
Eng grouss Erausfuerderung an den nächste Méint wäert och d'Verhandlungen iwwer deen nächsten EU-Budget sinn.
Dat Land, dat d'Presidence huet, leet d'Reunioune vun de Ministeren aus de 27 Memberlänner vun der EU an de verschiddene Conseilen. Et ass besonnesch fir kleng Länner eng grouss Erausfuerderung, den administrativen Opwand ze stäipen.