Radioen

On air

Notturno  |  Maya Ongaku - Something In Morning Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pilotprojet Gemengepolice start den 1. Juli - SNPGL mëttlerweil manner skeptesch

Interview mat der SNPGL-Presidentin

Pilotprojet Gemengepolice start den 1. Juli - SNPGL mëttlerweil manner skeptesch

Déi nei Gemengepolice soll an annerhallwem Mount aktiv ginn. De Pilotprojet fänkt den 1. Juli un, esou d’SNPGL-Presidentin Marlène Negrini. Si ass an Tëschenzäit dann och manner skeptesch wéi nach bei der Annonce vum Projet. Mee wouhier kënnt dee Meenungswiessel bei der Policegewerkschaft?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Vum 1. Juli u start de Pilotprojet vun der Gemengepolice.

Fir déi lokal Missioun besser ze assuréieren, soll eng "Unité de Police locale" geschafe ginn, haten CSV an DP am Hierscht an hirem Regierungsprogramm ugekënnegt. Bei der Regierungsdeklaratioun de leschten November hat de Premier Luc Frieden dozou gesot, datt ee géing eng Zort Gemengepolice aféieren.

"Also eng lokal Policeunitéit, innerhalb vun der Police Grand-Ducale, op déi de Buergermeeschter direkt Zougrëff huet, am Kader vu sengen Aufgabe bei der ëffentlecher Uerdnung."

Marlène Negrini: "Polizisten aus eise Reien"

Dës lokal Policeunitéit soll a gutt sechs Woche Realitéit ginn. Dat an der Stad an zu Esch. Detailer dozou hat de Minister Léon Gloden vun der CSV Enn Abrëll bei der Vereedegung vun neie Polizisten um Findel genannt.

"D’UPL soll keng Police nieft der Police sinn, mee si gëtt een Deel vun der Police. D’Erkenntnisser aus der Praxis wäerte mir da spéider an ee Gesetzprojet afléisse loossen."

D’Policegewerkschaft SNPGL, déi ronn 2.250 Memberen huet, ass beim Projet Gemengepolice an der Tëschenzäit manner skeptesch, wéi hir Presidentin Marlène Negrini däitlech mécht.

"Mee u sech gesäit et elo am Fong anescht aus, wéi dat, wat d’Leit am Ufank verstanen hunn. Dat heescht, déi Police locale, dat si Polizisten aus eise Reien."

Zesummenaarbecht mat de Buergermeeschteren

Mat den 90 Policebeamten, déi rezent netto bäikomm sinn, géifen d’Policekommissariater opgestockt ginn, erkläert d’Presidentin vun der Gewerkschaft SNPGL.

"An all Kommissariat, wou elo de Pilotprojet uleeft den 1. Juli 2024, zu Esch an hei zu Lëtzebuerg, do gëtt et dann eng Patrull Police locale, déi aus Minimum zwee Leit besteet. Déi Leit schaffe vu moies 7 bis owes 21 Auer, an zwou Schichten all Kéier vun 8 Stonnen, vu méindes bis samschdes."

Déi Leit géifen dann effektiv och soss näischt aneschters maache wéi déi Missioun Police locale, erkläert d'Marlène Negrini weider. An d’Missioune fir d’Beamte vun der neier lokaler Police-Unitéit sollen am Virfeld vum jeeweilege Police-Regionaldirekter definéiert ginn.

"Zesumme mam Buergermeeschter, wou ebe Leit gebraucht ginn, an déi sinn op deene kruziale Punkten, déi och schonn am Policereglement festgeschriwwe sinn. Do solle si sech weisen. An déi sinn effektiv just nëmmen do fir d’Sécherheet vun de Leit a fir ze kucken, datt näischt geschitt."

Gefor vu Personalmangel?

Donieft soll méi Policepresenz gewise ginn. Nach keng Detailer géifen et ginn, wat déi geplangten Zuel vu Patrulle fir déi nei lokal Police-Unitéit ugeet, esou d’Presidentin vun der Policegewerkschaft. D’Gefor, datt d’Police net genuch Personal fir déi sougenannte Gemengepolice kéint hunn, gesäit d’Marlène Negrini fir de Moment net.

De Pilotprojet vun der lokaler Policeunitéit an der Stad an zu Esch fänkt also den 1. Juli un. Dëse Projet soll sechs Méint laang daueren. Duerno soll ee Bilan gezu ginn, a virdru schonn Tëschebilanen.

Lauschterenplay_arrow