Ënnert dem Titel "Schlofen, Netflix, Mobbing" hat d’Tageblatt am Mäerz dëst Joer d’Problemer ëffentlech gemaach. D’Conclusiounen aus engem interne CFL-Audit – deen zousätzlech zur disziplinarescher Enquête gemaach gouf - goufen iwwerdeems haut an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.
D’Agente vun der CFL iwwerwaachen d’Biller vun de ronn 1.500 Kameraen op de Garen, Quaien oder CFL-Parkingen net aktiv, fir no verdächtegem oder geféierlechem Verhalen ze sichen, steet ënner anerem am Rapport vum internen Audit, deen eis virläit.
Keng gréisser Dysfonctionnementer, mee Recommandatiounen
"Hei schwätze mer vun 1.500 Kameraen a vu 24 Agenten. D’CFL ass keng Police", huet d‘Ministerin Yuriko Backes no der Presentatioun vun de Conclusiounen aus dem CFL-Audit an Erënnerung geruff. Et wiere keng gréisser Dysfonctionnementer festgestallt ginn, mee et hätt ee vum Comité d‘audit verschidde Recommandatioune mat op de Wee kritt.
D’CFL wéilt verschidde Verbesserunge maachen, wéi zum Beispill d’Instruktioune fir d’Mataarbechter vum Service vun der Videoiwwerwaachung ze zentraliséieren, huet d’Mobilitéitsministerin ugekënnegt. Hirer Aschätzung no, hätten d’CFL-Kameraen éischter ee preventive Charakter.
Police huet 400 mol op Videobiller zougegraff
De Videoiwwerwaachungssystem vun der CFL wier net dee richtegen Outil fir eng Preventioun vun Delikter ze garantéieren, huet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten festgestallt.
"Et ass éischter, datt op déi Biller zréck gegraff gëtt, falls eng Demande vun der Police kënnt, datt eppes soll geschitt sinn, op enger Gare oder am Ëmfeld vun enger Gare. Da kënnen déi Biller nëtzlech sinn, fir eng Opklärung ze suergen."
An der Sitzung vun der Chamberkommissioun wier haut um Donneschdeg d’Zuel genannt ginn, datt d’Police d’lescht Joer eng 400 Mol op dës Videobiller vun der CFL zréck gegraff hätt, esou nach den Yves Cruchten.