arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vullegripp: Am Grand-Duché nach relativ roueg

Jim Schmitz vun Natur&Ëmwelt

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Vullegripp: Am Grand-Duché nach relativ roueg

D'Vullegripp gouf zu Lëtzebuerg nach bei kengem klenge Vugel oder Waasservull festgestallt, dat huet de Jim Schmitz vun Natur&Ëmwelt de Moien am 100,7-Interview betount. Et wier deemno am Grand-Duché nach relativ roueg.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Obwuel d'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA gëschter 18 Fäll vu Vullegripp bei Krukerten a Reeër gemellt hat, wier et den Ament nach relativ roueg ëm d'Vullegripp hei am Land, mengt de Jim Schmitz vun Natur&Ëmwelt.

An anere Länner wéi beispillsweis an Däitschland, goufen dogéint schonn Dausende Villercher dout fonnt. Fir de Jim Schmitz ass et opfälleg, datt bei eis virun allem Krukerte betraff sinn. Zejoert haten därer d’Kränkt an Israel opgeraf, mee de Moment wieren an Ungarn eng 135.000 Krukerten zesummen, déi net krank wieren:

 “Et ass am Fong geholl eng Epidemie, déi da vun Zäit zu Zäit optrëtt, wou et net esou einfach ass, fir eppes dogéint ze maachen, mee doduerch, datt et elo d’Hoergänse sinn, fält et natierlech op! Dir hat mech gefrot, ob mir och Hoergäns-Plazen hätten, hei zu Lëtzebuerg, wou se en Arrêt maachen: Mir hunn eng, déi klassesch ass, mee déi grande Plaque tournante, déi ass um Lac du Der, hei vir an der Champagne, wou een da bis 250.000 Hoergänse beienee ka gesinn, wann de Peak ass, an deen ass ëm den 10. November normalerweis, an do hänkt dann och eng ganz touristesch Ekonomie mat hannendrun!”

D’Krukerten hätten an de leschten 10 bis 20 Joer eng Expansioun kannt, mee déi aktuell Vullegripp géif e Réckfäll fir hir Populatioun bedeiten, esou den Expert vun Natur&Ëmwelt: D’Populatioun bräicht eng Zäit, fir sech ze erhuelen, wann et “e puermol dra flaamt”.

Un d'Leit war et de Rot vum Jim Schmitz, wann een en doudegt Déier fënnt, d'ALVA unzeruffen, fir datt déi et kënnen ewechhuelen. Et soll een dat doudeg Déier net unzepaken.

play_arrow Lauschteren