arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vu Majoritéit rejetéiert: Ursula von der Leyen iwwersteet 4. Mësstrauensvott

Europaparlement

|
headphones

1 min

Vu Majoritéit rejetéiert: Ursula von der Leyen iwwersteet 4. Mësstrauensvott

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet e weidere Mësstrauensvott am Europaparlament zu Stroossbuerg iwwerstanen. Dat war de 4. Mësstrauensvotte géint si an hir Equipe.

headphones

1 min

EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen | © European Union
EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen (Foto: European Union)

Eng däitlech Majoritéit am EU-Parlament huet de Mësstrauensvotte rejetéiert. E war vun de rietse Fraktiounen agereecht ginn. Si wollten e Récktrëtt vun der Kommissioun wéinst dem Mercosur-Fräihandelsaccord. Dee war e Samschdeg ënnerschriwwe ginn, trotz dem Widderstand vun nationale Parlamenter an europäesche Baueren.

Gëschter, Mëttwoch huet d‘EU-Parlament decidéiert, de Fräihandelsaccord mat 4 südamerikanesche Länner vum Europäesche Geriichtshaff préiwen ze loossen.