arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vott vum Budget: Dreet Frankräich eng politesch, wirtschaftlech a sozial Kris?

Frankräich

|
headphones

2 min

Vott vum Budget: Dreet Frankräich eng politesch, wirtschaftlech a sozial Kris?

Muer um Dënschdeg soll an der franséischer Assemblée nationale deen entscheedende Vott iwwer de Budget vun der Sécurité Sociale ofgestëmmt ginn. E Freideg war den éischten Deel vun dësem scho knapp gestëmmt ginn. De Vott um Dënschdeg kéint däitlech méi knapp ausfalen.

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto)

Sollt de Budget net déi néideg Majoritéit kréien, da géing Frankräich eng politesch, wirtschaftlech a sozial Kris riskéieren, sot den Aarbechtsminister Jean-Pierre Farandou gëschter um Sonndeg op France 3.

Kee Konsens bei de Regierungsparteien 

Et ass een Zenario, deen awer duerchaus denkbar ass, well d’Resultat um Freideg iwwer d’Partie Recettë scho gewisen hat, wéi gespléckt d’Assemblée beim Budget ass. 166 Jo-Stëmme géint 140 Nee-Stëmmen, mee och vill Enthalungen, déi muer ganz entscheedend kéinte ginn.

De rietsextreemen RN ass majoritär géint de Budget, genee wéi de Groussdeel vun der Gauche, mat Ausnam vun de Sozialisten. Och bei de konservativen LR wëllt een de Budget esou net akzeptéieren.

De Parteichef Bruno Retailleau hat dat e Sonndeg op BFMTV kloergestallt an de Budget als fiskalen "Hold-up" bezeechent. Esouguer am Lager vun de Regierungsparteien herrscht kee Konsens. Horizons, d’Partei vum Ex-Premier Edouard Philippe, wäert wuel géint de Budget stëmmen.

Kee Récktrëtt vum Premier 

De Wirtschaftsminister Roland Lescure hat e Sonndeg confirméiert, datt muer nach en Amendement soll diskutéiert gi fir eng Hausse vun den Depensë bei de Krankeversécherungen. Dat ass eng Kärfuerderung vun den Ekologisten. D’Regierung erhofft sech esou d’Ekologisten op d'mannst dozou ze beweege sech beim Vott ze enthalen.

Sollt de Budget net duerch d’Assemblée kommen, soll de Sébastien Lecornu awer Premier bleiwen, e Récktrëtt géing kee Sënn erginn, sot d’Porte-parole vun der Regierung gëschter um Sonndeg.