Et wéilt een d‘Visitt zu Berlin zäitno nohuelen. Weider Detailer gouf et bis elo nach net aus dem ungareschen Ausseministère.
Den däitschen Ausseministère huet sech erstaunt iwwert dës kuerzfristeg Ofso gewisen. No der Visitt vum ungaresche Ministerpresident Viktor Orbán a Russland wier een eeschten an éierlechen Discours néideg.
De Viktor Orbán war onugekënnegt fir eng Visitt mam Wladimir Putin a Russland gereest an huet dës Visitt als eng Friddensmissioun am Kader vum Ukrain-Krich duergestallt. Representanten aus der EU haten dat schaarf kritiséiert.