arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bar zu Crans Montana: Zënter 2019 keng Brandschutzkontrolle mei

Schwäiz

|
headphones

1 min

Bar zu Crans Montana: Zënter 2019 keng Brandschutzkontrolle mei

An der Bar zu Crans Montana, an där et an der Silvesternuecht zu engem déidleche Brand koum, wiere jorelaang keng Brandschutzkontrolle gemaach ginn. Dat sot de President vum Gemengerot vu Crans Montana. Et géif een dat zudéifst bedaueren.

headphones

1 min

Trauer ëm d'Affer  | © EPA/JEAN-CHRISTOPHE BOTT
Trauer ëm d'Affer (Foto: EPA/JEAN-CHRISTOPHE BOTT)

Am Fong sinn dës Kontrollen all Joer virgeschriwwen. Déi lescht war 2019. Et géif een dat zudéifst bedaueren, esou nach de President vum Gemengerot. 

Éischten Erkenntnisser no ass de Brand duerch Freedefeier-Fontänen, déi op Schampesfläschen drop waren, ausgeléist ginn. Déi hunn de Schaumstoff um Plaffong a Brand gestach. D‘Feier huet sech ganz séier ausgebreet. 

Enquête ageleet

D‘Enquête befaasst sech och mam Schaumstoff. E wier bei de Sécherheets-Tester bis 2019 op jiddefalls ni een Theema gewiescht, esou nach d‘Gemeng.

Beim Brand an der Silvesternuecht sinn 40 Mënsche gestuerwen. 116 goufe blesséiert, déi meescht dovu schwéier. Der Police vum Schwäizer Kanton Valais no waren d'Doudesaffer tëschen 14 an 39 Joer al.