Déi 67 Joer al Truong My Lan ass zu Hanoi wéinst Korruptioun, Verontreiung a Verletzung vu Bankereegelen verurteelt ginn. Doduerch soll déi staatlech Bank Saigon Commercial Bank e Schued vun ëmgerechent 25 Milliarden Euro gehat hunn. D‘Immobilienagentin soll de Kapp vun der Band gewiescht sinn.
Zanter 2016 geet dat kommunistescht Land geziilt géint Korruptioun vir. Am Mäerz ass de vietnameesesche President schonn zeréckgetrueden, well hien an e Korruptiounsskandal verwéckelt war. Honnerte Fonctionnairë goufen entlooss.