Radioen

On air

Notturno  |  Baden Powell - Canto De Ossanha

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verwaltungsrot vum Science Center: Staat misst fir d'Rechnungen opkommen

No KPMG Rapport

Verwaltungsrot vum Science Center: Staat misst fir d'Rechnungen opkommen

De Verwaltungsrot vum Luxembourg Science Center huet eestëmmeg décidéiert, sech hannert d'Institutioun ze stellen, nodeems de Staat refuséiert huet, eng Rei Rechnungen ze bezuelen. De Verwaltungsrot verlaangt, datt de Staat fir dës Rechnungen opkënnt, déi dës Woch intensiv an de Medien diskutéiert goufen.

auto_stories

1 min

Dëst gouf an enger Resolutioun festgehalen, déi de Weekend un d'Press geschéckt gouf. Et geet ëm insgesamt dräi Facturen an Héicht vu ronn 1,9 Milliounen Euro, déi de President vum Science Center, Nicolas Didier, mat senger privater Firma GGM11 dem Science Center verrechent hat.

Hannergrond ass, datt den Éducatiounsminister der KPMG den Optrag vun engem Audit ginn hat. D’Konklusioune vun deem Audit goufe vum Claude Meisch esou interpretéiert, datt se géife weisen datt d’Rechnungen net richteg wieren. De Claude Meisch hat doropshin uginn, datt se net vum Staat géifen iwwerholl ginn.

A senger Resolutioun betount de Verwaltungsrot, datt keng Beweiser an de Conclusioune vu KPMG géif ginn, déi d‘Realitéit vun deene Rechnungen a Fro géife stellen.