Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Regierung huet konkret Mesuren am Logement virgestallt

Vereinfacht Prozeduren

D'Regierung huet konkret Mesuren am Logement virgestallt

Déi zoustänneg Ministeren hunn de Mëttwoch éischt konkret Informatiounen iwwer d'Moderniséierung vun de Wunnengsbauprozedure ginn. Am Ganze geet et elo ëm 40 Mesurë fir déi administrativ Vereinfachung an dësem Beräich.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
(Foto: Serge Kesseler)

Eng Rei vun dëse Moossnamen hat de Premier Luc Frieden schonn d’lescht Woch an der Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt, dorënner een 10 Punkten Aktiounsplang.

D’Prozedure sollen an Zukunft esou sinn, datt méi séier a méi effikass gebaut gëtt, esou haut de Minister Léon Gloden.

Déi gesetzlech Reegele fir abordabel Logementer sollen zum Beispill ofgeännert ginn. Dobäi geet et ëm d’Densitéit am Bebauungsplang. Doduerch sollen 8.600 zousätzlech Logementer entstoen, dovunner 4.900 sougenannte abordabel Wunnengen.

"Hëlt een elo nach déi sougenannte Reservëzonen dobäi, da kéime mer op 13.600 zousätzlech Wunnengen, an dovunner 6.600 abordabel Wunnengen."

Wunnenge vum Privatsecteur lounen

Fir méi erschwénglech Logementer ze kréien, soll zum Beispill de Fonds du Logement Wunnengen, déi de Privatsecteur op privaten Terraine baut, an Zukunft – am Kader vu virop engem Pilotprojet - fir 20 Joer kënne lounen, an net méi musse kafen, seet de Minister Claude Meisch.

Ee Virdeel vun där Approche wier, datt Terrainen, déi a privater Hand sinn, zousätzlech fir abordabele Wunnraum kënne mobiliséiert ginn.

Prinzip vum "Natur op Zäit"

D’CSV-DP-Regierung wëllt op een neie Wee vum Prinzip vun “Natur op Zäit” bei Bauterrainen am urbane Raum goen. Dat soll et dem Besëtzer erlaben, Hecken a Straicher opkommen ze loossen, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes erkläert.

"Mee wann een da wëll bauen, kann ee se wech maachen, an et muss een net fir d’éischt nach eng Kéier eng Etüd maachen."

Dës Hecken a Straicher mussen dann och net méi kompenséiert ginn.

Donieft gouf haut ugekënnegt, datt de Staat am Zäitraum 2024 bis 2027 ronn 800 Logementer fir 480 Milliounen Euro wëllt opkafen. Dat gesäit den neie “Programme d’acquisition VEFA” vir.

Lauschterenplay_arrow