arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verhandlungen tëschent Ukrain a Russland zu Istanbul 

Ukrainkrich

|
headphones

1 min

Verhandlungen tëschent Ukrain a Russland zu Istanbul 

Russland an d‘Ukrain sollen haut zu Istanbul weider iwwerten Enn vum russeschen Agressiounskrich verhandelen. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet d‘Erwaardunge fir dës drëtt Ronn vun direkte Verhandlungen awer schonn erofgeschrauft.

headphones

1 min

Et géif och dës Kéier net ëm eng Wafferou goen, mee ënner anerem iwwert den Austausch vu Prisonéier an de Retour vun ukrainesche Kanner, déi vu Russland verschleeft goufen.

Réckschrëtt fir EU-Bäitrëtt 

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet iwwerdeems en ëmstriddent Gesetz ënnerschriwwen dat Protester an international Kritik ausgeléist huet. D‘Gesetz géif d‘Onofhängegkeet vum ukraineschem Anti-Korruptiouns-Büro an dem Spezial Procureur géint Korruptioun aschränken, soen d’Kritiker. 

De Selenskyj sot an engem Video-Message, d’anti-Korruptiouns-Instanze géife weider funktionéieren, mee hätte vu russescher Influenz misste befreit ginn. 

Zu Kiew hunn Honnerte Leit protestéiert nodeems d‘Gesetz um Dënschdeg am Parlament ugeholl gouf. 

D‘EU-Erweiderungskommissärin Marta Kos huet d‘Gesetz als schwéiere Réckschrëtt kritiséiert. Si huet virun negative Suitte gewarnt fir d‘Ustriewunge vun der Ukrain, der d‘EU bäi ze trieden.