Dës Situatioun bedauert de Mohammed bin Abdulrahman Al Thani. De kataresche Premier ass ee vun den Haapt-Mediateure bei de Verhandlungen.
Déi israeelesch Offensiv zu Rafah geet virun an d‘Zuel vun Affer géif weider klammen, seet iwwerdeems de palestinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt. Banne 24 Stonne wieren 82 Leit ëm d‘Liewe komm. Domat wier de Bilan op bis elo 35.173 Doudeger geklommen.
Dat zënter dem 7. Oktober zejoert, wou Israel eng Offensiv lancéiert huet, nodeems Hamas-Kämpfer bei enger terroristescher Attack op Israel 1.200 Leit ëmbruecht haten.