arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verhandlungen iwwer Friddensplang fir Gaza ginn haut virun

Noen Osten

|
headphones

1 min

Verhandlungen iwwer Friddensplang fir Gaza ginn haut virun

Delegatioune vun der Hamas, Israel an den USA sollen haut an Ägypte mat indirekte Verhandlungen iwwer d'Ëmsetzung vum Friddensplang vum US-President Donald Trump ufänken.

headphones

1 min

Zerstéiert Gebai an der Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Zerstéiert Gebai an der Gazasträif (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Am Mëttelpunkt steet an enger éischter Phas d'Liberatioun vun de Geiselen am Géigenzuch fir palästinensesch Prisonéier. Et soll och iwwer eng Wafferou verhandelt ginn, esou den ägypteschen Ausseministère.

Den Donald Trump huet Drock op all d'Säite gemaach a se opgeruff elo séier ze handelen. Hie géif dervun ausgoen, datt et dës Woch Resultater wäert ginn. Wann et net séier geet, géif vill Blutt fléissen, huet den Donald Trump gewarnt.

D'Hamas huet Deeler vum Trump sengem Plang acceptéiert, dorënner d'Liberatioun vun de Geiselen. Den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu sot um Weekend, hie géif hoffen, datt d'Geiselen an den nächsten Deeg kënne fräikommen.

Iwwerdeems ass Israel mat de Bombardementer an der Gazasträif weidergefuer, trotz dem Donald Trump sengem Opruff op weider Attacken ze verzichten.