D‘Naturverwaltung huet gëschter per Communiqué preziséiert, datt och schonn déi zwee lescht Joer doudeg Kueben an der Géigend fonnt goufen. No Analyse gouf de Constat gemaach, datt dës net un enger Krankheet gestuerwe sinn. Wuel wier keng toxesch Substanz fonnt ginn, an awer hätt een de Verdacht festgehalen, datt si vergëft goufen, esou d‘Naturverwaltung.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Verdacht op Vergëftung: Doudeg Kuebe vu Beetebuerg fir Analysen am Labo
Naturverwaltung
Verdacht op Vergëftung: Doudeg Kuebe vu Beetebuerg fir Analysen am Labo
Eng Rei vun de Kueben, déi dout am Beetebuerger Schlasspark fonnt goufen, goufen elo vun der Naturverwaltung an de Labo fir Veterinärsmedezin bruecht. Hei soll analyséiert ginn, u wat d‘Kuebe gestuerwe sinn.
auto_stories
1 min
Foto: Kostyantyn Ivanyshen / Bigstock