Och d’Impfung, déi beim Véi vun de Baueren agesat gëtt, kann net beim Wëld genotzt ginn, erkläert d’Dr. Malou Grasges vun der Juegdfederatioun. Do dierft een net agräifen erkläert si. Dat eenzegt wat ee ka maachen, ass een Déier dat zäitno gestuerwen ass, an de Labo ze schécke fir eng Autopsie.
"Respektiv wann ee Stéck Wiederkäuer geschoss gëtt, dass een dann eng Bluttprouf hellt, fir ze analyséieren, fir dass mer iwwerhaapt mol e Statut kréien. Wann dann effektiv eng Rei Déieren doru stierwen, sou wéi och d’Hausdéieren doru stierwen, da muss een herno op engem méi wäitem Plang kucken, muss den Ofschossplang ugepasst ginn, asw. Well da jo och e ganze Koup manner Déieren do sinn."
Genee Zuelen, wéi vill vum Wëld betraff ass, gi bis elo nach net gesammelt. Et géif een awer enk mat der Veterinärs-a Liewensmëttelverwaltung ALVA zesumme schaffen, fir eng kloer Analys vun der Situatioun ze maachen, esou nach d’Dr Malou Grasges.