arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verdacht op Bedruch: Ex-EU-Chefdiplomatin Mogherini ass festgeholl ginn

Europäesch Unioun

|
headphones

1 min

Verdacht op Bedruch: Ex-EU-Chefdiplomatin Mogherini ass festgeholl ginn

Wéinst Verdacht op Bedruch mat EU-Gelder wier ënner anerem déi fréier EU-Chefdiplomatin, d‘Federica Mogherini, festgeholl ginn, esou Medien. Si ass d‘Rectrice vun der Elite-Uni "Collège d‘Europe" zu Bruges.

headphones

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Nieft hir wieren nach zwou weider Persoune festgeholl ginn an et gouf Perquisitioune beim diplomatesche Service vun der europäescher Unioun zu Bréissel, grad ewéi an e puer Gebaier vun der Uni.

Dat huet den europäesche Parquet gemellt.

Bevirdeelegung bei enger Ausschreiwung?

Am Raum steet ënner anerem de Verdacht, datt den diplomatesche Service vun der EU d‘Uni bevirdeelegt hätt bei der Ausschreiwung vun engem Formatiounsprogramm vun 9 Méint fir zukünfteg EU-Diplomaten, dee vun der EU finanzéiert gëtt.

Méi genee, ob d‘Uni oder hir Vertrieder am Virfeld iwwer d‘Selektiounskrittären informéiert waren, oder ob si scho virun der Publicatioun vun der Ausschreiwung wossten, datt si den Optrag géife kréien.