Ënner Konversiounstherapië versteet ee ganz ëmstridde Methoden, fir queer Leit zu Heterosexuellen ëmzetherapéieren. Virun allem an den USA ass dat eng méi gängeg Praxis. A villen europäesche Länner ass déi Praxis scho verbueden, 2018 huet d’europäescht Parlament sech fir e Verbuet ausgeschwat.
Nach keng konkret Pläng vun der Regierung
De President vu Rosa Lëtzebuerg, den Nicolas Van Elsué, erkläert datt et fir d’LGBTQIA+ Communautéit wichteg ass, datt déi Methode verbuede ginn, well si ee groussen Impakt op déi mental Gesondheet hunn. "Dat brécht eng Persoun komplett.", seet den Nicolas Van Elsué. An och zu Lëtzebuerg géifen et Leit ginn, déi esou eng Therapie hu misse maachen.
Och zu Lëtzebuerg ginn et Affer
An enger europäescher Etüde vum leschte Mee hunn 21 Prozent vun der LGBTQIA+ Communautéit zu Lëtzebuerg uginn, selwer an hirem Liewe schonn esou enger Konversiounstherapie ënnerzu ginn ze sinn. D’Diversitéitsministesch Yuriko Backes betount, datt d’Rechter vun der LGBTQIA+-Communautéit an de Kampf géint Diskriminéierung eng Prioritéit fir si ass, dofir misst ee sech elo mat de concernéierten Organisatiounen un den Dësch setzen. Konkret Pläng fir d’Konversiounstherapien ze verbidde ginn et nach keng.
"Ech mengen dat ass eppes wat mer dann och an dem Comité interministeriell wäerten thematiséiere fir ze kucken op wéi ee Wee mer do ginn."
Dobäi fuerdert Rosa Lëtzebuerg scho laang de Verbuet vun deenen Therapien. 2022 sot déi deemoleg DP-Familljeministesch Corinne Cahen an engem Interview mat der Wochenzeitung Woxx, datt et keng esou Fäll zu Lëtzebuerg géife ginn, dofir géif et och kee Besoin fir ee Verbuet ginn. Den Nicolas Van Elsué selwer seet, hie géif Leit kennen, déi dat erlieft hunn, och wann et keng offiziell Zuele ginn.
An den Noppeschlänner gëtt et de Verbuet
A Frankräich, an der Belsch an an Däitschland ass d'Konversiounstherapie mëttlerweil komplett verbueden. Fir ze verhënneren, datt d'Leit aus den Nopeschlänner a Lëtzebuerg geschéckt ginn, misst et kategoresch verbuede ginn, seet den Nicolas Van Elsué. Iwwerdeems géif d'Regierung och en Zeechen domat setzen.
Och déi nei Presidentin vum Centre d’égalité de Traitement, d'Susanna Van Tonder, fuerdert ee Verbuet vun deenen Therapien, déi wieren nämlech net dem 21. Joerhonnert gerecht.
No de Fuerderunge vu Rosa Lëtzebuerg am Mëttespanorama op eiser Antenn, präziséiert d’Ministesch Yuriko Backes, datt alles wat am Regierungsprogramm virgesinn ass, duerchaus eng Prioritéit fir den Diversitéitsministère wier, deemno och d’Konversiounstherapien.*
*Dësen Artikel gouf am Laf vum Dag aktualiséiert.