search

/ Verband vun europäesche Fluchhäfe warnt viru Kerosinmanktem

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Verband vun europäesche Fluchhäfe warnt viru Kerosinmanktem

De Verband vun den europäesche Fluchhäfe warnt virun engem Enkpass beim Kerosin, sollt d‘Strooss vun Hormus bannent den nächsten dräi Wochen net nees opgoen. D‘Schreiwes ass un d‘Europäesch Kommissioun geriicht a gouf vun der Financial Times publizéiert.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Doran erkläert déi europäesch Fluchhafe-Lobby, datt ee systematesche Kerosinmanktem eng Realitéit fir d‘EU gëtt. De Verband fuerdert Bréissel dréngend dozou op, d‘Disponibilitéit an d‘Versuergung ze iwwerwaachen.

Niewebäi fuerdert d‘Lobby och, datt d‘Gesetz zur Reduzéierung vu Methanemissiounen am Energiesecteur gelabbert gëtt.

Dëse Verband vertrëtt ronn 600 Fluchhäfen aus 50 Länner, och de Lëtzebuerger Fluchhafen.