arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Véiert Canicule a Rekord-Dréchent bréngt och negativ Suitte fir d'Wirtschaft mat sech

Frankräich

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Véiert Canicule a Rekord-Dréchent bréngt och negativ Suitte fir d'Wirtschaft mat sech

A Frankräich fänkt haut déi véiert Canicule fir dëst Joer un. An och d'Dréchent gëtt ëmmer méi schlëmm. Nieft dem extreeme Schued fir Mënsch an Natur hunn déi extreem Wiedertemperaturen och en negativen Impakt op d'Wirtschaft. Virun allem d'Landwirtschaft steet viru grousse Problemer.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand
(Foto: picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand)

A Frankräich gëtt d‘Dréchent ëmmer méi schlëmm. Bal zwee Drëttel vum Grondwaasser wieren ënner dem normalen Niveau. D‘Situatioun riskéiert sech weider ze verschlëmmeren. Dat huet de franséische Büro fir geologesch Recherchë mat gedeelt.

De leschte Mount Juli war dee wäermsten an den drëtt-dréchenste jeemools a Frankräich. Et huet 70 Prozent manner gereent wéi normal, esou Météo France. Frankräich ass elo och mat der véierter Canicule fir dëst Joer konfrontéiert.

An den nächsten Deeg wäerten d’Temperaturen am Hexagon plazeweis nees op iwwer 40 Grad klammen.

Restriktioune beim Waasserverbrauch

An 22 Departementer gëllt schonn zënter e Méindeg déi zweethéchst Warnstuf wéinst der Hëtzt. Haut sinn der nach eemol 21 dobäi komm. Bis zu 39 Grad ginn am Süde vu Frankräich erwaart. An den nächsten Deeg wäerten d’Temperaturen nach weider klammen, éier se de Weekend nees erof ginn. 

Wéinst der Hëtzt an dem extreem geréngen Nidderschlag an de leschten Méint herrscht a Frankräich och och eng Rekord-Dréchent.

De Ministère fir déi ekologesch Transitioun huet annoncéiert, datt aktuell 70 Prozent vum Land vu Waasserrestriktioune betraff ass. An all den Departementer gëllt dowéinst eng Alerte. A 67 Departementer herrscht esouguer eng Krisesituatioun. 

Bauereverband fuerdert Hëllefspak fir d'Landwirtschaft

Schonn Enn Juli hat d’Regierung annoncéiert, datt a 47 Departementer d’Drénkwaasserversuergung a Gefor ass. Eng 30.000 Persounen an 80 Gemenge wieren ouni Krunnewaasser a misste mat Waasser a Fläsche versuergt ginn.

Och d’Wirtschaft, notamment d’Landwirtschaft, leit ënner der Dréchent. Den Arnaud Rousseau, Chef vum gréisste Bauereverband FNSEA, sot gëschter op BFMTV, vill Bauere wéissten net méi, wéi si hir Béischte sollen ernären. Dofir misst de Staat elo séier säin Hëllefsplang presentéieren, deen d’lescht Woch annoncéiert gouf.

Manner Stroum am Netz

Och de franséischen Atom-Park operéiert wéinst der Hëtzt an der Dréchent op Spuerflam. Um Sonndeg ware 15,6 Prozent manner Stroum am Stroumnetz disponibel – e Rekord.

Muer wäert d’Regierung mat de lokale Prefekture fir eng Krisesëtzung zesummekomme fir ze evaluéieren, wéi een op d’Dréchent reagéiere kann.

play_arrow Lauschteren