arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Véier weider verstuerwe Geiselen un d‘Rout Kräiz iwwerginn

Noen Osten

|
headphones

1 min

Véier weider verstuerwe Geiselen un d‘Rout Kräiz iwwerginn

An der Gazasträif huet d‘Hamas d‘Läiche vu véier weidere Geiselen un d‘Rout Kräiz zeréckginn. Dat huet déi israeelesch Arméi matgedeelt. Deemno wäert Israel haut erlaben, datt de Grenziwwergang Rafah fir Hëllefsliwwerungen opgemaach gëtt.

headphones

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot )

D‘Rout Kräiz huet d‘Särg um Dënschdegowend entgéint geholl a se un den israeelesche Militär weider ginn. Domat bleiwen elo nach 20 verstuerwe Geiselen an den Hänn vun der Hamas. Israel hat mat Restriktioune vun de Hëllefsliwwerunge gedreet, esou laang wéi d‘Hamas net all 28 verstuerwe Geiselen zeréckginn huet.

D‘Hamas seet, et wier schwéier, d‘Läiche vun de verstuerwene Geiselen ze lokaliséieren. Si géifen zum Deel ënner Trëmmer vu Gebaier leien, déi bei den israeelesche Bombardementer zerstéiert goufen.

Dem Roude Kräiz no kéint d‘Iwwergab vun de verstuerwene Geiselen dowéinst nach Deeg oder Wochen daueren.