Am Ganze wieren elo also 7 Persounen am Kader vum Déifstall am Louvre zu Paräis festgeholl ginn.
D‘Déif haten aacht Bijoue vu fréiere Kinniginnen a Keeserinne geklaut. De Wäert vun deene Bijoue gouf op 88 Milliounen Euro geschat. No de Bijouen gëtt weiderhin gesicht.
Den Abroch hat eng gréisser Debatt ëm d'Sécherheet am Paräisser Musée opgeworf.