arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Urteel: Äiskënschtler zu engem Joer Prisong mat Sursis a Geldstrof verurteelt

Stater Geriicht

|
reading time

1 min

Urteel: Äiskënschtler zu engem Joer Prisong mat Sursis a Geldstrof verurteelt

Zwou Condamnatiounen an aacht Fräispréch: Dat war d’Urteel um Donneschdeg um Stater Geriicht am Prozess ëm dat déidlecht Accident, am November 2019, um Chrëschtmaart an der Stad.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Den Äiskënschtler, deen d’Skulptur geschafen hat, gouf zu engem Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 Euro verurteelt.

Ee vu senge Mataarbechter krut néng Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vu 1.500 Euro.

E Responsable fir Evénementer beim Tourismusbüro LCTO gouf fräigesprach, an de “Luxembourg City Tourist Office” selwer krut keng Geldstrof. 

Déidlecht Accident 2019

Virun eppes méi wéi sechs Joer war e Stéck vun enger Äisskulptur op e Jong vun zwee Joer gefall: de Jong hat d’Accident net iwwerlieft.

Néng Beschëllegter souwéi den LCTO kruten ënnert anerem wéinst Homicide involontaire de Prozess gemaach. D’Eltere vum Affer kruten eppes méi wéi 160.000 Euro Schuedenersatz zougesprach, an aacht weider Niewekläger kruten zesummen 90.000 Euro.