arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet: presuméierten Täter huet d’Affer no enger Iessens-Invitatioun attackéiert

Déidlech Messerattack zu Märel

|
reading time

1 min

Parquet: presuméierten Täter huet d’Affer no enger Iessens-Invitatioun attackéiert

De Parquet huet weider Prezisiounen iwwer déi déidlech Messerattack de leschte Sonndeg zu Märel matgedeelt: Do war eng Läich an enger Wunneng fonnt ginn.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka
(Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka)

Wéi de Parquet matdeelt, géif et sech beim Doudegen ëm ee 27 Joer ale belsche Staatsbierger handelen.

De presuméierten Täter, deen an Untersuchungshaft ass, wier e franséische Staatsbierger, och vu 27 Joer.

De Parquet preziséiert: Déi déidlech Messerattacke wier beim presuméierten Täter doheem zu Märel geschitt.

Hien hätt sonndes moies virum Haus zu Märel, wou hie mat sengem Papp wunnt, ee belsche Mann begéint, an him virgeschloen, bei hien heem eppes iessen ze kommen. Wärend deem Iesse wier et dunn aus nach net bekanntem Grond zu där déidlecher Attack komm.

Den Ament géif näischt drop hiweisen, datt déi zwee Männer sech virdru scho kannt oder begéint haten.

De presuméierten Täter bleift an Untersuchungshaft, et ginn elo nach Expertise gemaach, dorënner eng psychiatresch Expertise, esou de Parquet.