D‘Spideeler missten awer esou opgestallt sinn, datt se am Fall vun enger Kris d‘Méiglechkeeten hunn, virun allem d‘Urgencë kënne weiderhin ze traitéieren, esou d‘Ministeschen an de Premier. D‘Spideeler sollte virun allem preparéiert sinn op Problemer an der Waasser- a Stroumversuergung, grad ewéi Impakter op déi digital Infrastrukturen an ee massiv héijen Undrang.
Fir esou Situatioune wieren an deene 4 Haaptspideeler zu Lëtzebuerg jee 50 reservéiert Better virgesinn, sou d‘Äntwert vun de Ministeschen an dem Premier.