arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ass d'Unerkennung vu Palästina méi wéi just e Symbolakt?

Juristesch Vue op de Krich

|
headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow

Ass d'Unerkennung vu Palästina méi wéi just e Symbolakt?

Eng Unerkennung vu Palästina wier net just symbolesch. Där Meenung ass de Lëtzebuerger Jurist a Fuerscher um Max Planck Institut Michel Erpelding. Am 100,7-Interview geheit hien Israel och genozidär Handlunge vir. 

headphones

4 min

headphones

15 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

De Michel Erpelding ass Jurist a fuerscht zu Frankfurt um Max Planck Institut iwwer d'Geschicht vum Internationale Recht. Hie beschäftegt sech intensiv mat den Entwécklunge Gazakrich.

Rezent huet de brittesche Premier Keir Starmer annoncéiert, Palästina als Staat wëllen unzëerkennen, falls Israel net bestëmmte Fuerderungen erfëllt. Änlech Aussoe goufen et och scho vum Emmanuel Macron. D'Fro, déi sech an deem Kontext natierlech stellt: Ass eng Unerkennung wierklech méi, wéi just e Symbolakt? Definitiv, mengt de Michel Erpelding.

Israel ass no an no isoléiert

Israel géing kloer soen, datt si kee palästinensesche Staat wéilten. Doduercher wier d'Recht vu Palästina op hiert Weiderbestoen "akut menacéiert", esou de Jurist. Virun allem déi Staaten, déi 1948 d’Opdeelung vum historesche Palästina decidéiert hunn, wieren elo an der Flicht.

Dobäi kéim dem Michel Erpelding no, datt eng Unerkennung wichteg Messagë sende géing: Op der enger Säit un d'Palästinenser:inne selwer. "100 Joer laang huet dat Vollek gesot kritt: Dir sidd manner wäert wéi mir."

Ausserdeem ass et e Message un Israel. Mat de Wierder vum Michel Erpelding: "Elo geet et duer". Et géing Drock op Israel ausüben, fir datt déi hir Expansiounsphas stoppe sollen.

Mee d'Reaktioun vun Israel op déi franséisch a brittesch Absichte géing scho weisen, datt Israel "allergesch" op esou Annoncë reagéiert, betount de Michel Erpelding. Kloer wier dem Lëtzebuerger Jurist awer och: Israel ass ëmmer méi isoléiert op der internationaler Bün.  

De Michel Erpleding ass 2023 och fir déi Lénk an d'Wale gaang. | © déi Lénk
De Michel Erpleding ass 2023 och fir déi Lénk an d'Wale gaang. (Foto: déi Lénk)

"Zënter dem Algeriekrich net méi gesinn"

Juristesch gesinn ass eng Unerkennung net ausschlaggebend fir als Staat unerkannt ze ginn. Et géifen zum Beispill Länner ginn, déi Israel net unerkenne géingen, esou de Fuerscher vum Max Planck Institut. “An awer kéim keen op d'Iddi, Israel net als Staat ze bezeechnen.”

Fir e Staat ze hu muss een 3 Konditiounen erfëllen: Et brauch een en Territoire, e Vollek, an eng Regierung, déi fäeg ass, international Accorden ze akzeptéieren.

De Michel Erpelding fënnt am 100,7-Interview dann och kloer Wierder zur Krichsféierung vun Israel. D'Krichsrecht géing op eng Aart a Weis verletzt ginn, wéi kee westleche Staat et "zënter dem Algeriekrich net méi gemaach huet". Och op Distanz kéint een dat feststellen: Et géif eng Hongersnout provozéiert ginn, medezinescht Personal verschleeft a gefoltert ginn, an op Kanner geschoss ginn. Verschidde Rapporte wéi zum Beispill een aus der New York Times, géingen dat beweisen.

Et feelt u konkreetem Drock op Israel

Och Lëtzebuerg kéint Sanktiounen huelen, seet de Jurist. Datt dat bis elo net geschitt ass, wier eng reng politesch Decisioun, an hätt näischt mat enger rechtlecher Basis ze dinn. De Michel Erpelding fuerdert ganz konkret, datt de Lëtzebuerger Handelsbüro zu Tel Aviv seng Diere misst zoumaachen. Hie kritiséiert d'Verhale vu Lëtzebuerg an anere westleche Länner: D'Situatioun an der Gazasträif géif bedauert ginn, mee konkret Sanktioune géint Israel géing keen huelen.

"Natierlech ass et eng politesch Decisioun, datt dat net geschitt ass. An ech verstinn dat net, wann een da seet: 'Oh, mir musse Palästina hëllefen, déi Leit sollen net stierwen an Israel muss direkt domadder ophalen.', an der gläichzäiteg soen: 'Ah nee, wann et drëm geet, fir konkreet Drock op Israel ze maachen, mat konkreete Mesuren, wou dat Land méi isoléieren, déi net nëmme symbolesch sinn, da maache mir awer näischt.' An dat ass e Problem."

Genozidär Handlungen

De Michel Erpelding zielt zu deene Juristen, déi mengen, datt et e begrënnte Verdacht gëtt, datt Israel e Genozid duerchféiert. D'Genozidkonventioun seet: Et muss een e Genozid prävenéieren a bestrofen, wann e stattfonnt huet. Wann et kee Genozid war, da kann een den Akt ëmmer nach als Crime contre l’humanité bestrofen.

D'Krittäre vun engem Genozid sinn iwwerdeems och genee festgeluecht: Et muss eng Ofsicht bestoen, eng national, ethnesch, rasseschen oder reliéis Grupp als solch ganz oder deelweis ze zerstéieren. Dat wier hautdesdaags awer guer net evident fir esou eng Absicht ze beweisen. Et kënnt och net op d'Zuel vun den Doudeger un. Fakt ass awer, datt e Massaker eleng net duergeet.

Par conter kéint ee méiglecherweis op genozidär Handlungen deiten, déi an der Gazasträif stattfannen, seet de Michel Erpelding, a widderhëlt d'Virwërf vun der systematescher Zerstéierung vum Gesondheetssystem, de Liewensmëttelknappheet, an dem geziilten Ëmbrénge vu Kanner. Et bestéing aktuell eng Debatt doriwwer, ob esou Handlungen duerginn, fir eng genozidär Absicht ze beweisen. Och Länner wéi Frankräich, Däitschland, Groussbritannien an Holland hätte sech schonn 2023 virum IGH an deem Sënn ausgeschwat.

 

play_arrow Lauschteren